Op den Inhalt sprangen

Universitéitsobservatoire Wien

Vu Wikipedia
Universitéitsobservatoire Wien
Typ astronomeschen Observatoire
MPC-Code 045
Datum vum Bau 1753
Websäit http://astro.univie.ac.at/en/home/
Instrumenter
Geographesch Situatioun
Land Éisträich
Regioun/Gemeng Wien
Koordinaten 48°13'54,77"N, 16°20'3,01"O
Universitéitsobservatoire Wien, Aweiung 1883

Den Universitéitsobservatoire Wien ass ee vun zwéin Observatoiren déi vum Institut fir Astronomie vun der Universitéit Wien bedriwwe ginn. E steet am Sternwartepark op der Türkenschanze, engem breede Plateau am 18. Wiener Gemengebezierk Währing, um westleche Stadrand vu Wien.

Bei senger Aweiung am Joer 1883 hat den Observatoire den deemools gréisste jee gebaute Lënsenteleskop (no Renovéierung nees a Betrib), an nach haut ass et dat gréisst zouent Observatoiresgebai vun der Welt.

D'Geschicht vun der Astronomie an der Stad Wien geet bis an d'14. Joerhonnert zeréck. No der Grënnung vun der Universitéit Wien am Joer 1365 goufen do vun 1391 bis 1882 stänneg Liesungen „Iwwer Himmel an Äerd“ gehalen. Am 15. Joerhonnert hunn de Johannes von Gmunden, de Georg von Peuerbach an deem säi Schüler Regiomontanus zu Wien geléiert a gefuerscht. Am Ufank vum 18. Joerhonnert huet sech den Haffmathematiker Johann Jakob Marinoni op dem Daach vu sengem Wiener Haus en astronomeschen Tuerm gebaut, an deem hien haaptsächlech mat selwer gebauten Instrumenter observéiert huet. Heiduerch ugereegt hunn d'Jesuitten am Joer 1733 och um Daach vum Kolléischsgebai en Observatoire gebaut.

  • Jürgen Hamel (Hrsg.): Die Geschichte der Universitätssternwarte Wien. Dargestellt anhand ihrer historischen Instrumente und eines Typoskripts von Johann Steinmayr. Harri Deutsch Verlag, Frankfurt am Main 2010, ISBN 978-3-8171-1865-6 (Acta Historica Astronomiae 38).
  • Franz Kerschbaum, Thomas Posch: Der historische Buchbestand der Universitätssternwarte Wien. Teil 1: 15. bis 17. Jahrhundert. Peter Lang Publishing Group, Frankfurt am Main u. a. 2005, ISBN 3-631-52890-6.
  • Karin Lackner, Isolde Müller, Franz Kerschbaum, Thomas Posch: Der historische Buchbestand der Universitätssternwarte Wien. Teil 2: 18. Jahrhundert. Peter Lang Publishing Group, Frankfurt am Main u. a. 2006, ISBN 3-631-53868-5.
  • Peter Müller: Sternwarten in Bildern. Architektur und Geschichte der Sternwarten von den Anfängen bis zirka 1950. Springer-Verlag, Berlin u. a. 1992, ISBN 3-540-52771-0.
  • Volker Witt: Die Universitätssternwarte in Wien. In: Sterne und Weltraum. Jg. 45, Heft 2, 2006

Portal Astronomie

 Commons: Universitéitsobservatoire Wien – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten

[Quelltext änneren]