Itokawa Hideo
Itokawa Hideo | |
---|---|
Gebuer |
20. Juli 1912 Tokio |
Gestuerwen | 21. Februar 1999 |
Nationalitéit | Japan |
Aktivitéit | Ingenieur, Universitéitsprofesser |
Den Itokawa Hideo (japanesch: 糸川 英夫), gebuer den 20. Juli 1912 zu Tokio, a gestuerwen den 21. Februar 1999, war e Pionéier vun der japanescher Rakéitentechnik a vum japanesche Raumfaartprogramm. A Japan war hie bekannt als Dr. Rocket.
Den Itokawa war héich intelligent an hat ettlech Schoulklassen iwwersprongen. 1935 hat hien e Studium iwwer Loftfaarttechnik op der Keeserlecher Universitéit Tokio ofgeschloss. 1941 gouf hien do Dozent.
Wärend dem Zweete Weltkrich huet hie Fliger bei der Nakajima Hikōki konstruéiert. Hien hat de Juegdfliger Nakajima Ki-43 Hayabusa entwéckelt.
1948 gouf hien zum Professer op der Universitéit Tokio ernannt. Am Joer 1967 goung hien an d'Pensioun an huet en eegent Institut gegrënnt.
D'Interessi vum Itokawa war wäit gefächert. Hien huet sech a ville Beräicher agesat, wéi beim Sport, der Philosophie, der Musek. Hien huet ë. a. Cello, Uergel, Gei an Taishokin (eng Aart Xylophon) gespillt an huet Stécker fir Orchester arrangéiert. Dernieft huet hie sech och als Schrëftsteller beschäftegt. Hien hat 49 Bicher geschriwwen, vun deenen der en ettlech Bestseller goufen.
Zu sengen Éiere gouf den Asteroid (25143), deen d'Zil vun der Raumsond Hayabusa war, Itokawa genannt.
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Itokawa Hideo – Biller, Videoen oder Audiodateien |