Radarastronomie

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

D'Radarastronomie ass eng Method fir Ënnersich vu physikaleschen Eegeschafte an bildleche Duerstellunge vun Himmelskierper aus eisem Sonnesystem ze maachen. Bei dëser Technik ginn Mikrowelle vun engem grousse Radioteleskop oder engem anere Sender, dee fäeg ass staark gebëndelt Mikrowellestralen a Richtung vun engem z'ënnersichenden Objet ze verschécken, an uschléissend mat engem Radioteleskop oder Verbond vu Radioteleskope déi reflektéiert Mikrowellen, also den Echo z'ënnersichen. D'Radarastronomie ënnerscheet sech vun der normaler Radioastronomie doran, datt d'Radioastronomie eng reng passiv Observatiounsmethod vun der ukommender Stralung vun engem Objet ass an Radarastronomie aktiv selwer Stralung fortschéckt. An der Radarastronomie gëtt zousätzlech nach tëscht gepulster an kontinuéierlecher Mikrowellesendung ënnerscheet.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

D'Ufäng vu radarastronomeschen Ënnersich leien am Zäitraum tëscht 1960 an 1975. An dëser Zäit goufen a klengen Ëmpfäng Observatioune mat relativ schwaache Mikrowellestrale un den äerdähnleche Planéite an äerdno Objeten (NEO) ënnerholl. Zanter 1975 entwéckelt sech dann déi haiteg Radarastronomie.

Eegeschaften[änneren | Quelltext änneren]

3-D-Modell vum Asteroid Kleopatra, opgestallt op Basis vu Radarobservatioune (JPL)

D'Stäerkt P vum Radar-Echosignal ass proportional zu der véierter Wuerzel vum Ofstand a zum Objet:

P \sim a^{1/4}

D'Reechwäit vun dëser Technik hänkt also an héijem Mooss vu staarke Send- an empfindlechen Empfangsariichtungen of.

D'Radartechnik huet e puer Virdeeler géintiwwer anere Methode:

Duerch d'Radarastronomie erhält een Informatioune, déi soss anerwäiteg net bereet wären. Sou hat si Tester fir d'Allgemeng Relativitéitstheorie geliwwert a konnt d'Längt vun der Astronomescher Eenheet an Distanzen zu anere Himmelskierper vum Sonnesystem méi genee bestëmmen. Radarbiller liwweren Informatiounen iwwer d'Rotatiounsvitesse, Form an Uewerflächeneegeschafte vu feste Kierper, wéi Planéiten an Asteroiden.

Observéiert Objete[änneren | Quelltext änneren]

Planéiten[änneren | Quelltext änneren]

Folgend Planéite goufe mat Hëllef vun der Radarastronomie observéiert:

  • Mars – Ënnersich vum Buedem op Waasser- an Äisexistenz. Mat der Weltraumsond Mars Express gouf de Buedem bis an eng Déift vu fënnef km per Radar ënnersicht.
  • Merkur - Miessung vun der Distanz zu der Äerd, der Rotatiounsperiod a graffen Uewerflächestruktur mat gréisserer Genauegkeet.
  • Venus - Éischt Radarënnersich am Joer 1960. Duerch d'Radarastronomie konnt fir d'éischt Kéier hir Rotatiounsdauer vun der Äerd aus a spéider vu Sonde bestëmmt ginn. Mat Hëllef vu Radarhéichtemiessapparate op Weltraumsonde, vun deenen d'Magellansond déi erfollegräichst war, gouf och hir Uewerfläch kartéiert.
  • Äerdmound - Éischt Radarënnersich am Joer 1945. Verbesserte Wäert fir den Ofstand zu der Äerd (Genauegkeet am Beräich vun Zentimeter).
  • Jupitersystem
  • Saturnsystem

Asteroiden a Koméiten[änneren | Quelltext änneren]

Den Asteroid (53319) 1999 JM8: Radardaten (uewen), dat doraus ofgeleetend 3-D-Modell (ënnen), an dat aus dem Modell errechent, Radarecho (mëtt).

D'Technik vun der Radarastronomie gëtt och bei den Ënnersich vun Asteroide gebraucht. Mat dëser Technik kann een hir Positioun, Form, Gréisst a Rotatiounseegeschafte bestëmmen. Well Radarstralen an de Buedem andrénge kann ee mat hirer Hëllef besser d'Zesummesetzung vun der Uewerfläch studéieren. Mat Hëllef vum Radarecho a senger Interferenzeegeschafte kann ee schaarf Biller um Objet kréien.

Och Koméite goufe schonn mëttels Radar ënnersicht. Well awer d'Distanz zu Koméite meeschtens zimlech wäit ass, sinn nach net sou vill Koméite mat Radar ennersicht Ënner hinne sinn d'Koméite Hyakutake, Encke an Halley.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Saturn 01.svg Portal Astronomie

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Bruce A.Campbell: Radar remote sensing of planetary surfaces. Cambridge University Press, Cambridge 2002, ISBN 0-521-58308-X
  • John V.Evans, Tor Hagfors: Radar astronomy. McGraw-Hill, New York 1968

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]