Magellan (Sond)

Vu Wikipedia
Magellan bei de Startvirbereedungen
De Logo vun der Missioun
Radarkaart vun der Venus, opgeholl vun der Magellansond

Magellan war eng US-amerikanesch Raumsond déi tëscht 1989 an 1994 aktiv war an als Orbiter d'Venus erfuerscht hat.

Missioun[änneren | Quelltext änneren]

Ënner dem Numm Venus Orbiting Imaging Radar (VOIR) a Venus Radar Mapper (VRM) haten an de 70er an 80er Jore schonn Iwwerleeungen zu enger detailléierter Kartéierung vun der Venus mat Hëllef vu Radar ugefaangen, déi awer vun der US-Regierung als ze deier ofgeleent gouf. Ënner dem Numm Magellan, genannt nom portugiseschen Entdecker vum 16. Joerhonnert (éischt Weltëmsegelung) gouf schliisslech eng méi bëlleg Missioun geplangt, bei där d'Sond nëmmen d'Radarinstrument Synthetic Aperture Radar (SAR) gedroen huet. Technesch gesi war d'Sond e Sammelsurium vu Reserve- an Ersatzdeeler vu Missioune virdrun.

Radarkartéierunge vun der Venus ware bis elo:

  • Venera 9 an 10 (UdSSR) 1975 nëmmen en Test.
  • Pioneer-Venus 1 (USA) 1978 mat enger Opléisung vun duerchschnëttlech 20.000 Meter pro Pixel (Bildpunkt).
  • Venera 15 an 16 (UdSSR) 1983 mat enger Opléisung vun duerchschnëttlech 1.500 Meter pro Pixel.

Deemgéintiwwer hat de Magellan eng Opléisung vun duerchschnëttlech 100 Meter pro Pixel, dat ass eng Erhéijung ëm de Faktor 200 géintiwwer Pioneer-Venus 1 an ëmmerhin ëm de Faktor 15 géintiwwer Venera 15 an Venera 16.

Opbau[änneren | Quelltext änneren]

D'Magellan-Sond war en dräiachsestabiliséierte Raumfluchkierper. Souwuel d'Haaptstruktur (Bus) wéi och d'Haaptantenn waren aus Reschter vum Voyager-Programm zesummegebaut. D'Parabolantenn hat als Antenn fir d'SAR wéi och als Kommunikatiounsantenn gedéngt. Nieft der Haaptantenn war och eng Hornantenn vum Altimeter. D'Magellan-Sond hat aacht kleng Dreifwierker fir d'Korrektur vun der Ëmlafbunn. Den Aschoss an d'Venus-Ëmlafbunn war duerch en ofwerfbare Star-48-Rakéitemotor erfollegt. D'Energieversuergung vun der Sond war duerch zwee schwenkbar Solarzellenausleeër erfollegt. D'Solarzelle ware schonn nom Verloosse vun der Äerdëmlafbunn aauserneegefaalt ginn.

Opbau vun der Magellan-Sond
Opbau vun der Magellan-Sond

Verlaf[änneren | Quelltext änneren]

Resultat[änneren | Quelltext änneren]

Der Magellan-Sond ass déi aktuell Venuskaart ze verdanken. Am Total goufe ronn 98 % vun der Uewerfläch vun 89° Nord bis 89° Süd erfaasst. D'Bild vun der Venus op dëser Säit gouf aus de Radardate vum Magellan opgestallt.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Magellan Raumsonde – Biller, Videoen oder Audiodateien