Radar

Vu Wikipedia
Dës Säit beschäftegt sech mat den Erkennungs- an Detektiounsmethoden op Basis vun elektromagnéitesche Wellen: Radar. Fir aner Bedeitungen, kuckt wgl. Radar (Homonymie).
Radarantenn

Radar ass d'Ofkierzung fir radio detection and ranging (fräi iwwersat "funkgestëtzt Detektéier- an Ofstandsmiessung") oder radio direction and ranging (fräi iwwersat "funkgestëtzt Richtungs- an Ofstandsmiessung“)[1], tëschenzäitlech radio aircraft detection and ranging (fräi iwwersat "funkbaséiert Fligerortung an -ofstandsmiessung") an ass d'Bezeechnung fir verschidden Erkennungs- an Detektiounsmethoden an -instrumenter op Basis vun elektromagnéitesche Wellen am Radiofrequenzberäich (Funkwellen).

Allgemenges[änneren | Quelltext änneren]

Radarmonitor an der Fluchiwwaachung vun engem Fligerdréier

E Radarinstrument ass en Instrument, dat elektromagnéitesch Welle gebëndelt als sougenannt Primärsignal sent an dann déi vun Objete reflektéiert "Echoen" als Sekundärsignal empfänkt an no verschiddene Krittären auswäert. Sou kënnen Informatiounen iwwer d'Objete gewonne ginn. Meeschtens handelt et sech ëm eng Detektioun (Bestëmmung vun Distanz a Wénkel). De Radar ka fir verschidden Zwecker benotzt ginn, wéi z. B. de Wiederradar, den Harmonesche Radar an den Iwwerhorizontradar.

Aus de Wellen, déi den Objet reflektéiert, kënnen ë. a. follgend Informatioune gewonne ginn:

  • de Wénkel resp. d'Richtung zum Objet
  • d'Distanz zum Objet (aus der Zäitverrécklung tëscht Senden an Empfank)
  • d'Relativbeweegung tëscht Sender an Objet – si kann duerch den Doppler-Effet aus der Verrécklung vun der Frequenz vum reflektéierte Signal berechent ginn
  • d'Uneneereie vun eenzele Miessunge liwwert d'Weestreck an d'absolut Vitess vum Objet
  • bei gudder Opléisung vum Radar kënnen d'Konture vum Objet erkannt ginn (z. B. de Fligertyp) oder souguer Biller gewonne ginn (Äerd- a Planéitefuerschung).

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

  Haaptartikel zu dësem Theema: Geschicht vum Radar 


Entdeckung[änneren | Quelltext änneren]

De Radom mam Radar vun der Fraunhofer-Gesellschaft (fréier FGAN) zu Wachtberg
Radarkuppel, deen de Radar vun engem franséische Krichschëff séchert (1998)

1886 hat den Heinrich Hertz beim experimentellen Nowäis vun elektromagnéitesche Welle festgestallt, datt Radiowelle vu metallesche Géigestänn reflektéiert ginn.

Déi éischt Versich fir d'Ortung mat Hëllef vu Radiowellen huet den däitschen Héichfrequenztechniker Christian Hülsmeyer am Joer 1904 gemaach. Hien hat erausfonnt, datt elektresch Wellen déi vu Metallflächen zeréckgeworf ginn, benotzt kënne ginn, fir Metallobjeten ze detektéieren. Säin Telemobiloskop fir Erkennung vu Schëffer gëllt als Virleefer vun haitege Radarsystemer a gouf den 30. Abrëll 1904 als Patent ugemellt. Den Notze vun der Radartechnik gouf am Ufank net erkannt a sou gouf d'Erfindung virleefeg vergiess.

Entwécklung vu moderne Radarsystemer am Zweete Weltkrich[änneren | Quelltext änneren]

De schottesche Physiker Sir Robert Alexander Watson-Watt, FRS FRAeS (1892–1973) gëllt als ee vun den Erfinder vum Radar. De Watson-Watt war ufanks Assistent um Institut fir Naturphilosophie um Universéitscollege zu Dundee, deemools en Deel vun der Universitéit St Andrews. 1927 gouf hien Direkter vun der 'Radio Research Station' zu Ditton Park bei Slough.[2] Vun 1936 war hien Direkter am Air Ministry. Hien huet iwwer d'Reflexioun vu Radiowellen an der Meteorologie gefuerscht. 1919 huet hie sech eng Method fir d'Ortung vun Objete mat Radiowellen (Radar) patentéiere gelooss, dat no Weiderentwécklungen (Entwécklung vum Siicht- oder Kuerzzäitpeiler; Watson-Watt-Peiler) 1935 fir d'éischt fir Positiounsdetektioun mat Radar vu Fligeren am Meterwelleberäich agesat konnt ginn. De 26. Februar 1935 war et him gelongen, eng Handley Page H.P.50 déi d'Uertschaft Daventry ugeflunn ass mam Radar z'entdecken. De Watson-Watt war haaptsächlech un der Entwécklung vun der brittesche Radaranlagen am Zweete Weltkrich bedeelegt.

Den Duerchbroch vun der Radartechnik koum kuerz virum a wärend dem Zweete Weltkrich. Wärend der militärescher Oprëschtung an där Zäit goufe vu Mëtt der 1930er Joren un, an en ettleche Länner onofhängeg vuneneen intensiv Radarinstrumenter a -systemer entwéckelt, besonnesch vun Däitschen a Britten. Bei Krichsufank 1939 gouf et och an den USA, an der Sowjetunioun, Frankräich, Japan, Italien a bei den Hollänner Radaranlagen.

Op däitscher Säit hat de Rudolf Kühnhold als wëssenschaftlechen Direkter vun der Noriichteversuchssektioun Reichsmarine e groussen Deel zu der Entwécklung bäigedroen. Ee vun him entwéckelt Radarinstrument, zur Tarnung DeTe-Gerät (Dezimeter-Telegraphie) genannt, gouf 1934 fir d'éischt am Kieler Hafe fir d'Erkenne vu Schëffer getest. D'Britten hunn de 26. Februar 1935 en éischte Feldversuch gemaach, bei deem Fligere bis zu enger Distanz vun 13 km verfollegt konnte ginn. Am September 1935 presentéiert d'GEMA vu Berlin als éischt e komplett funktiounsfäegt Funkmiessinstrument.

Nieft der GEMA, déi Systemer wéi Freya, Mammut, Wassermann a Seetakt entwéckelt huet, war och Telefunken mat de Systemer Würzburg an Würzburg-Riese haaptsächlech un der däitscher Radartechnik bedeelegt. Den 18. Dezember 1939 ass d'Loftwaff, beim britteschen Ugrëff op Wilhelmshaven hiren éischte radargeleeten Asaz géint 22 brittesch Bombere geflunn. Beim Loftgefecht iwwer der Däitscher Bucht war et hir gelongen, 12 dovun ofzeschéissen an 3 schwéier ze beschiedegen. Dat däitscht Ofwiersystem géint Bommegeschwader, d'Kammhuber-Linn, hat eng Längt vu méi wéi 1000 km an huet vun Dänemark bis Nordfrankräich gefouert.

D'Britten hu vun 1936 mat Chain Home och eng Kette vu Radarstatiounen op der Ostküst, déi op enger anerer Wellelängt wéi déi däitsch geschafft hunn a vun deenen am Ufank net erkannt goufen. Scho vun 1939 un, gouf d'System mat engem Frënd-Feind-Erkennungsinstrument an de Fligere verbessert. E Meilesteen an der Radarentwécklung war Ufank 1940 d'Erfindung vum Magnetron op der Universitéit Birmingham, dat d'Kärinstrument vun alle spéidere Radarasätz sollt ginn.

Enn Januar 1943 setzen d'Britten bei engem Ugrëff op Hamburg fir d'éischt e mobilt Radarsystem an de Fliger an, dat fir d'Navigatioun benotzt gouf (H2S). Béid Säiten entwéckelten sougenannt Düppel, einfach Metallfoliensträifen, fir d'géigneresch Radarsystemer ze stéieren. Séier goufen awer verbessert Systemer entwéckelt, déi dës Stéierer erausfiltere konnten.

Fuerschung nom Zweete Weltkrich[änneren | Quelltext änneren]

An Däitschland koum d'Fuerschung um Radargebitt nom Krich komplett zum Stëllstand. Déi Alliéiert haten dëst bis 1950 verbueden. Grouss Fortschrëtter huet d'Fuerschung an der Nokrichszäit an den USA gemaach, wou vill nei theoreetesch Usätz an innovativ Baudeeler wéi Hallefleeder entwéckelt goufen. Als e Beispill ass d'Synthetic Aperture Radar aus dem Joer 1951 genannt.

Och u Bord vun ziville Fligeren a Schëffer gehéiere Bordradaren haut zu der Standardausrëschtung. Eng vun den éischten a bis haut wichtegste zivillen Uwendungen ass d'Iwwerwaachung vum Loftverkéier duerch Air Traffic Control (ATC).

Schonn um Enn vun den 1970er Joren entstoungen éischt Systemer vun Distanzwarnradare fir den Automobilberäich. An der Raumfaart gëtt d'Radartechnik zanter Mëtt vun de 1990er virun allem fir d'Vermoosse vun der Äerd an anere Planéite benotzt. Fir d'Erfaassung vu Wiederdate ginn dernieft Wiederradaren agesat.

Asazgebidder[änneren | Quelltext änneren]

Rondsiichtradar op engem Schëff; Positioun: Elbe westlech vun Hamburg
Sea-Based X-Band Radar (SBX) (USA) dat weltgréisst X-Band-Radar, hei wärend Moderniséierungsaarbechten zu Pearl Harbour am Januar 2006. Zanter 2007 déngt et dem US-Rakéitenofwiersystem National Missile Defense a gëtt op den Aleuten bei Alaska stationéiert.

Radarinstrumenter goufe fir verschidde Uwendungszwecker entwéckelt:

  • Ronnsiichtradar; Iwwerwaachung vu Schëffs- a Fluchverkéier (och Fréiwarnstatiounen, z. B. de Freya-Radar), entweeder als fest Statioun wéi beim Fluchsécherungsradar oder bei der Schëfffaartsverkéierssécherung, oder mobil op Gefier a Fliger (AWACS) souwéi op Schëffer (ARPA-Anlag).
    Booter kënnen och fir besser Siichtbarkeet mat engem Radarreflekter ausgerëscht ginn.
  • Radarinstrumenter fir Zilverfollegung (Ground Control Intercept) als Radarstellung bei der Loftverdeedegung, vu buedemgebonne (z. B. Würzburg, Würzburg-Riese) oder u Bord vu Gefierer a Fliger, Schëffer a Rakéiten
  • Bordradar op Fliger (Radarnues), fir Wiederfronten z'entdecken (Wiederradar) oder aner Fliger a Rakéiten z'entdecken (Antikollisiounssystemer, Zilsichradar)
  • Buedemradar (Fluchfeldiwwerwaachungsradar) fir d'Iwwerwaachung vun de Positioune vu Fligeren a Gefierer op de Rollweeër vun engem Fluchhafen
  • Radar fir Distanzerfaassung a militärescher Opklärung, fir um Buedem bei schlechter Siicht Eenzelheeten erkennen ze kënnen
  • Wiederradar, Erkennung an Ortung vu Schlechtwiederfronten, Miessung vu Wandvitess
  • Artillerieradar, fir Feierkorrektur vun der eegener Artillerie a Rakéiten souwéi der Ortung vu feindlechen Artilleriestellungen
  • Radar-Beweegungsmelder fir d'Iwwerwaache vu Gebaier an Terrain, z. B. als Diereschléisser oder Liichtschalter
  • Radarinstrumenter fir d'Miessung vun der Vitess am Strosseverkéier.
  • Kfz-Technik: radarbaséiert Distanzhaler ACC (Adaptive Cruise Control) resp. ADC, Kopplung mat Noutbremsfunktioun a PSS1 bis PSS3 (Predictive Safety System), Noberäichsfunktioune wéi Distanzwarner an automatescht Aparken (24 GHz, Kuerzpuls am Beräich 350–400 Pikosekonnen, souwéi am 77–79-GHz-Band).
  • Och Zich moossen Weestreck a Vitess mat Doppler-Radarinstrumenter (am ISM-Band ëm 24 GHz).
  • Radarsensoren als Beweegungs- oder Fëllstandsmelder
  • Astronomie: Kartéierung vu Planéiten (z. B. Venus, Mars), vun der Äerd aus oder vu Bord enger Raumsond, Vermiessung vu Planéitebunnen, Asteroiden a Raumsonden souwéi vu Weltraumschrott
  • Bioradar fir d'Detektioun vu liewende Persounen an hirer Kierperbeweegung, wéi beispillsweis bei Verschotte Leit an de Lawinen, op Distanze vun e puer Meter.
  • Wandenergie: fir Detektéierung vu Loftgefierer. Geplangt ass den Asaz vu gepulste L- an X-Band Radarsystemer.

Nom Zweete Weltkrich koum och d'Lenkung vu radargesteierte Waffen wéi Fluchofwierrakéiten derbäi. Ausserdeem gouf de Radar och fir die zivil Schëff- a Loftfaart agesat. Déi haiteg Passagéierloftfaart wier ouni Loftraumiwwerwaachung mam Radar net méi denkbar. Och Satellitten a Weltraumschrott ginn haut mat Radar iwwerwaacht.

Wéi d'Radarinstrumenter méi leeschtungsfäeg goufen, huet och d'Wëssenschaft déi Technik entdeckt. Wiederradarinstrumenter hëllefen an der Meteorologie oder u Bord vu Fligere bei der Virausso vum Wieder. Mat grousse Statioune kënne vum Buedem aus Radarbiller vum Äerdmound, der Sonn souwéi Planéite gemaach ginn. Ëmgekéiert kann och d'Äerd vum Weltraum aus mat satellittegestëtzte Radarinstrumenter vermooss an erfuerscht ginn.

Andeelung a Funktiounsweis[änneren | Quelltext änneren]

Radar#ImpulsradarPrimärradarRadarinstrumentSekundärradarDauerstrëchradarDauerstrëchradar#Onmoduléiert Dauerstrëchradar (CW-Radar)Dauerstrëchradar#Frequenzmoduléiert Dauerstrëchradar (FMCW-Radar)Pulskompressiounsmethod

Aktiv Radarinstrumenter ginn a bildgiewend an a net bildgiewend agedeelt. Weider ënnerscheed een tëscht Impuls- an Dauerstrëchradarinstrumenter souwéi tëscht mono- an bistateschen Anlagen. Bei bistateschen Anlagen sinn Sender an Empfänger raimlech getrennt, wat op astronomesch Distanz eng méi héich Empfindlechkeet erlaabt. Radarsender sinn mat Peilempfänger erkenn- an ortbar.

Als Primärradar gi Pulsradar-Instrumenter bezeechent, déi nëmmen dat passivt reflektéiert Ecéisst ermëttelen. D'Auswäertung vun reflektéierten Uewerwelle erlaabt Réckschlëss op de Fligertyp.

E Sekundärradar ëmfaasst och en Impulsradarinstrument, leien awer un den Zilobjeten Transponder, déi op d'Pulse reagéieren an hirersäits e Signal zerécksenden. Heiduerch erhéicht sech d'Reechwäit, d'Objete sinn identifizéierbar a kënne ggf. weider Daten zerécksenden.

Peilempfänger, déi d'Quell vu Funkwellen (vu Radar- an aneren Instrumenten an hire Stéierofstralung) zu militäreschen Zwecken orte kënnen, nennt een och passive Radar. E passive Radar ass dofir net duerch seng Funkwellenaussendung z'entdecken.

Eng weider Aart vu Radarinstrumenter déi nëmme schwéier z'entdecke ass, ass de Rauschradar dee laang Pulse aussent, déi wéi zoufälleg Stéierstralung ausgesinn.

Impulsradar[änneren | Quelltext änneren]

Distanzbestëmmung mat der Impulsmethod[änneren | Quelltext änneren]

Distanzbestëmmung mat der Impulsmethod. D'Pulsradarinstrument sent en Impuls a méisst d'Zäit bis zum Empfang vum Echo.

E Pulsradarinstrument sent Impulse mat enger typescher Dauer am ënneschte Mikrosekonneberäich a waart dann op Echoe. D'Lafzäit vum Impuls ass d'Zäit tëscht dem Senden an dem Empfang vum Echo. Si gëtt zu der Distanzbestëmmung benotzt. Fir d'Distanz gëllt den Zesummenhank:

D'Gruppevitess ass bal d'selwecht mat der Liichtvitess am Vakuum, well de Briechungsindex vu Loft fir Radiowellen ganz no bei 1 ass. Jee no Reechwäit vum Radarinstrument gëtt no engem gesenten Impuls e puer Mikro- bis Millisekonne laang empfaangen, ier dee nächsten Impuls ausgesent gëtt.

Op dem klassesche Radarschierm fänkt d'Auslenkung mam Sendeimpuls un. D'Ausbreedungsvitess vun den elektromagnéitesche Wellen am Raum ass moossstafsgerecht mam Bericht. Gëtt en Echo empfaangen, dann ass d'Distanz vum Echoimpuls op dem Siichtinstrument eng Mooss fir d'Distanz vum reflektéierenden Objet (hei: vum Fliger) zum Radarinstrument.

Pulsbildung[änneren | Quelltext änneren]

Fir a Pulsradar-Instrumenter déi héich Sendeleeschtungen am Megawattberäich ze maachen, déi fir d'Ortung z. B. iwwer e puer 100 km néideg sinn, ginn och haut Magnetrone benotzt. Dozou gëtt e Magnetron z. B. mat Trigatron, Thyratron oder neierdéngs och Hallefleederschalter gepulst bedriwwen.

Well sech d'Sendefrequenz vun engem Magnetron an Ofhängegkeet vun Temperatur a Betribszoustand ännere kann, gëtt bei Miessunge vun der relativer Radialvitess d'Frequenzreferenz beim Empfang aus der Sendefrequenz ofgeleet (kuckt pseudokohärentes Radar).

Stationär Pulsradarinstrumenter erreechten Leeschtungen bis zu 100 MW als Spëtzenimpulsleeschtung. Modern Radarinstrumenter brauche fir Reechwäite vun en ettlechen 100 km vill manner Energie a senden deelweis Pulse mat enger Pulsleeschtung ënner engem Megawatt.

Beim Gebrauch vu ville klenge, am Verbond schaffender Sender oder bei Instrumenter mat aktiven Phased-Array-Antennen kann op d'Röntgenstralen ausgesente Schaltréier verzicht ginn.

Richtungsbestëmmung[änneren | Quelltext änneren]

Dréit een d'Antenn vun engem Pulsradar, kritt een e Rondsiichtradar. Déi schaarf Richtcharakteristik vun der Antenn wierkt beim Senden wéi och beim Empfank. Aus der Ofhängegkeet vun der Echostäerkt vun der Antennenorientéierung ka ganz genee d'Richtung bestëmmt ginn. Déi bekanntst Uwendungsgebidder vu sou Rondsiichtradare sinn d'Loftraumiwwerwaachung an de Wiederradar.

En Fluchhafen-Rondsiicht-Radar (ASR, Airport Surveillance Radar) kombinéiert meeschtens e Primärradar mat engem Sekundärradar. Nieft der allgemenger Loftraumiwwerwaachung huet et virun allem d'Aufgab dem Ufluchlotsen e geneet Bild vun der Loftlag ronn ëm de Fluchhafen ze liwweren. Den ASR huet eng Reechwäit vu ronn 60 sm.

En Ufluchradar besteet aus jee enger waagerechter und enger senkrechter beweegten Antenn an erméiglecht, Ufluchwénkel, Ufluchrichtung an Ufluchhéicht vu Fliger, déi landen, ze bestëmmen. De Pilot kritt d'Korrekturhiweiser iwwer Funk vum Buedempersonal oder hien huet en Unzeigeinstrument u Bord, dat Ofwäichunge passiv duerch déi empfaange Radarimpulse ugëtt. Sou Instrumentelandungen oder Blannlandunge si besonnesch bei schlechter Siicht oder bei militäresche Grënn oder getarnter Landebunn vu Bedeitung. Kuerz virum Opsetzen ass Buedemsiicht erfuerdert.

Dat buedemgestëtzte STCA-System (Short Term Conflict Alert) fir Kollisiounsverzicht benotzt dat Loftraumiwwerwaachungsradar. Et berechent aus der Fluchspur (Track) vu Loftgefierter d'Warscheinlechkeet vun engem noe Laanschtfluch (near miss) oder souguer Zesummestouss a warnt optesch an akustesch de Fluchlotsen.

D'Schwenke vum Oftaaschtstral vun engem Impulsradar kann amplaz duerch d'Ausriichtung vun der Antenn och elektronesch duerch phasegesteiert Antennenarrays bewierkt ginn. Domat kennen a séierem Wiessel ettlech Objete ugepeilt a quasi simultan verfollegt ginn.

De Synthetic Aperture Radar erreecht eng héich, distanzonofhängeg Opléisung um Azimut. Déi erfuerderlech Aperturgréisst gëtt rechneresch aus der realer Apertur vun enger klenger, beweegten Antenn zesummegesat. Dozou muss d'Beweegung vun der Antenn relativ zum observéierenden (unbeweeglechen) Objet genee bekannt sinn an d'Phas vun den ausgesenten Impulse kohäerent zouenee sinn. Äerdsatellitten a Raumsonde benotze sou Systemer fir d'Vermoosse vu Terrainsprofiller.

Radarbaugruppen am Impulsradar[änneren | Quelltext änneren]

Radarantennen[änneren | Quelltext änneren]
Eeleres Impulsmagnetron vun engem Radarsender (zirka 9 GHz, 7 kW, Impulsdauer 0,1 bis 1 µs), lénks ënnen isoléierten Heiz- a Kathodenuschloss, riets uewen Huelleederflansch
De Sender (PAT-Konzept), d'Empfänger a Signalprozesser vum polarimetresche Wiederradar „Meteor 1500 S“

D'Antenn ass ee vun den opfällegsten Deeler vun der Radaranlag. D'Antenn séchert duerch den Antennendiagramm un ggf. eng Dréibeweegung déi erfuerderlech Verdeelung vun der Sendeleeschtung am Raum. D'Antenn gëtt meeschtens am Zäitmultiplexbetrib benotzt. Wärend der Empfangszäit empfänkt si dann déi reflektéiert Energie.

Den Antennendiagramm muss ganz staark bëndelen, fir datt e gutt lateraalt a vertikaalt Opléisungsverméigen erreecht gëtt. D'Distanz-Opléisungsverméigen gëtt dogéint duerch d'Impulsdauer bestëmmt. Am Fall vun enger mechanescher Raumoftaschtung gëtt d'Antenn gedréit oder hin an hier geschwenkt. Déi Beweegung kann e grousse mechanesche Problem bereeden, well d'Antennereflektere bei grousse Wellelängten resp. héijer Bëndelung ganz grouss Dimensiounen erreechen. Bei Radarinstrumenter si follgend Antennebauformen normal:

Modern Radarinstrumenter mat Multifunktiounseegenschaften benotzen ëmmer eng Phased-Array-Antenn, méi eeler Instrumentesystemer meeschtens d'Parabolantenn, déi zur Fabrikatioun vun engem Cosecans²-Diagramm vun der idealen Parabolform ofweecht.

Radarsender[änneren | Quelltext änneren]

Eng an eelere Radarinstrumenten, awer och haut nach gebrauchter Senderbauaart sinn eegeschwéngend Impuls-Oszillatoren, déi aus engem Magnetron bestinn. De Magnetron gëtt duerch een Héichspannungsimpuls gespeist a fabrizéiert en Héichfrequenz-Impuls vun héijer Leeschtung (0,1…10 µs, Leeschtung e puer kW bis ettlech MW). Den Héichspannungsimpuls fir de Magnetron gëtt duerch e Modulator (Schaltrouer oder haut och Hallefleederschalter mat MOSFET) bereetgestallt. Dëse Sendesystem gëtt och POT (Power-Oszillator-Transmitter) genannt. Radarinstrumenter mat engem POT sinn entweeder net kohärent oder pseudokohärent.

Een a moderne Radarinstrumenter benotzt Konzept ass de PAT (Power-Amplifier-Transmitter). Bei deem Sendersystem gëtt an engem Generator de fäerdege Sendeimpuls mat klenger Leeschtung fabrizéiert an dann mat engem Héichleeschtungsverstäerker (Amplitron, Klystron, Wanderfeldrouer oder Hallefleeder-Sendermodulen) op déi néideg Leeschtung bruecht. Radarinstrumenter mat engem PAT sinn an de meeschte Fäll vollkohärent a kënnen dofir besonnesch gutt fir d'Erkennung vu beweegten Objeten duerch Ausnotzung vun der Doppler-Frequenz agesat ginn.

Empfänger[änneren | Quelltext änneren]

Den Empfänger benotzt meeschtens d'Sendeantenn a muss dofir virum Sendeimpuls geséchert ginn, Dat geschitt mat Zirkulatoren, Richtkoppler an Nulloden. Den Empfang erfollegt mam Iwwerlagerungsprinzip, fréier gouf als Oszillator e Reflexklystron benotzt, d'Mëschung an d'Demodulatioun gouf vu koaxial opgebauten, an Huelleeder ageschraufte Spëtzendioden gemaach. Haiteg Empfänger schaffe vollstänneg mat Hallefleederen a sinn an der Sträifeleedertechnik opgebaut.

Dauerstrichradar (CW-Radar)[änneren | Quelltext änneren]

  Haaptartikel zu dësem Theema: Dauerstréchradar 

En CW-Radar (CW fir engl. continuous wave – Dauersender) konstanter Frequenz ka keng Distanze miessen, awer iwwer d'Richtwierkung vu senger Antenn den Azimut zu engem Zil. Et gëtt fir d'Vitessmiessung benotzt. Dobäi gëtt déi iwwer eng Antenn ofgestralte Frequenz vum Zil (beispillsweis engem Auto) reflektéiert a mat enger gewëssener Doppler-Verrécklung, also begrenzt geännert, nees empfaangen. Well nëmme beweegten Objekten erkannt ginn, feelen stéierend Aflëss vu Festzilen. Duerch e Verglach vun de gesenten mat der empfaangener Frequenz (Homodyne Detektion) kann d'radiale Vitesskomponent bestëmmt ginn, déi ëm een Kosinusfaktor méi kleng ass wéi de Betrag vum Vitessvektor.

  • Un Schinnengefierter ginn Vitesssensoren no deem Prinzip agesat, si strale schréi an d'Gleisbett. Déi erfuerderlech Sendeleeschtungen sinn ganz klebg a ginn dacks mat Gunn-Dioden gemaach.
  • Éischt Radarinstrumenter vun der Verkéierspolizei waren och Dauerstréchradar-Instrumenter. Well si keng Distanz miesse konnten, hu si nach net automatesch geschafft.
  • Fluchofwier-Radarinstrumnter mat Doppler-Erfaassungsradar, wéi den AN/MPQ-55 (CWAR), erkennen hiert Zil och bei staarker Düppel-Stéierung.
  • Radar-Beweegungsmelder schaffen och no deem Prinzip, si mussen awer heifir och lues Ännerunge vun der Empfangsfeldstäerkt wéinst sech ännerender Interferenzverhältnesser registréiere kënnen.

Moduléiert Dauerstréchradar (FMCW-Radar)[änneren | Quelltext änneren]

Industriell fabrizéierte 61-GHz-FMCW-Radar fir Distanzmiessung

Eng weiderentwéckelt Aart sinn d'FMCW (frequency modulated continuous wave) Radarinstrumenter, och "Modulated CW-Radar" oder "FM-Radar". Si senden mat enger sech stänneg ännerender Frequenz. D'Frequenz klëmt entweeder linear un, fir bei engem bestëmmte Wäert séier nees op den Ufankswäert erofzefalen, oder si klëmt a fällt ofwiesselend mat konstanter Ännerungsvitess. Duerch déi linear Ännerung vun der Frequenz an duerch dat stännegt Senden ass et méiglech, nieft der Differenzvitess tëscht Sender an Objet och gläichzäiteg deenen hir absolut Distanz vuneneen z'ermëttelen. "Radar-Falen" vun der Verkéierspolizei schaffen op dës Aart a Weis a léise bei Vitessiwwerschreidung bei enger bestëmmter Distanz zum Zil de Fotoblëtz aus. Radar-Héichtemiesser vu Fliger an Distanzwarninstrumenter an Autoe schaffen no deem Prinzip. Déi Technologie gëtt och fir Rondsiichtradar am marine Beräich agesat ("Broadband Radar").[3] Eng Notzung vun dësem "Broadband Radar" zu der Loftraumopklärung ass net méiglech, well d'Dopplerfrequenz vu Fliger ze grouss ass an doduerch Moossfeeler vu bis zu e puer Kilometer entstinn. Ursaach dofir ass déi ugewandte seezännfërmeg Modulatioun, wéinst där d'"Broadband Radar" net tëscht Frequenzdifferenz verursaacht duerch Lafzäit a Frequenzdifferenz verursaacht duerch den Doppler-Effet ënnerscheede kann.

FMCW-Radare ginn ausserdeem an industriellen Uwendungen zu der Ofstandsmiessung an zu der Miessung vun Fëllstandhéicht an Tanken agesat.

Gesondheetsschied duerch Radar[änneren | Quelltext änneren]

Déi an de Schaltréier entstoend Röntgenstralung[4] war bis op d'mannst an d'1980er Jore bei militäresche Radaranlagen heefeg net genuch ofgeschiermt. Doriwwer eraus hu missen Ënnerhalts- a Justéieraarbechten dacks um oppenen Instrument duerchgefouert ginn. Dat huet zu Stralenschied bei ville Uwendungs- an Wartungszaldoten bei der Arméi gefouert. Eng grouss Zuel vun Zaldote, virun allem fréier Radartechniker, sinn doduerch spéider un Kriibs erkrankt, vill si schonn a relativ jonkem Alter gestuerwen. D'Zuel vun de Geschiedegten (Radaraffer) gëtt iwwer e puer Dausend geschat.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • David K. Barton (Hrsg.): Radar evaluation handbook. Artech House, Boston MA 1991, ISBN 0-89006-488-1, (Artech House radar library).
  • Guy Kouemou (Hrsg.): Radar Technology. InTech, 2010, ISBN 978-953-307-029-2, (online)
  • Jakov D. Schirman: Theoretische Grundlagen der Funkortung. Militärverlag der DDR, Berlin 1977.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Radar – Biller, Videoen oder Audiodateien

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Déi indirekt Distanzmiessung mat Radar, Pionier, Zäitschrëft fir Iwwermëttlungstruppen, Nummer 1, Januar 1949
  2. www.radarpages.co.uk
  3. Broadband Radar op simrad-yachting.com
  4. R. Timothy Hitchcock, Robert M. Patterson: Radio-Frequency and ELF Electromagnetic Energies: A Handbook for Health Professionals. Wiley, 1950, ISBN 0-471-28454-8.