Liichtvitess

Vu Wikipedia

D'Liichtvitess oder Liichtgeschwindegkeet ass déi Vitess mat där sech d'Liicht beweegt. Zanter dem Albert Einstein senger spezieller Relativitéitstheorie ass gewosst, datt d'Liicht sech ëmmer mat der selwechter Geschwënnegkeet duerch de Vakuum beweegt. Dofir ass d'Liichtvitess hautdesdaags eng wichteg physikalesch Konstant.

D'Liichtvitess gëtt an der Physik mam Buschtaf c ofgekierzt an hire Wäert ass:

Well dëse Wäert eng Konstant ass, also ni ännert, gëtt zanter dem 1. Oktober 1983 d'Längt vun engem Meter mat Hëllef vun der Liichtvitess definéiert. Deemno ass ee Meter genee déi Distanz, déi d'Liicht am Vakuum an enger 1/299.792.458 Sekonn zeréckleet.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Liichtgeschwindegkeet – Biller, Videoen oder Audiodateien