Albert Einstein

Vu Wikipedia
Dëse Physiksartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Albert Einstein
Gebuer 14. Mäerz 1879
Ulm
Gestuerwen 18. Abrëll 1955
Nationalitéit Däitscht Keeserräich, apatride, Schwäiz, Weimarer Republik, Däitschland, USA
Educatioun ETH Zürich,
Universitéit Zürich
Aktivitéit Physiker
Member vun Royal Society, Preisesch Wëssenschaftsakademie, Däitsch Akademie vun den Naturfuerscher Leopoldina, Accademia Nazionale dei Lincei, American Philosophical Society, Bayeresch Wëssenschaftsakademie, Wëssenschaftsakademie vun der URSS, Académie des sciences, Schweedesch Akademie vun de Wëssenschaften, Koninklijke Nederlandse Akademie van Wetenschappen, American Academy of Arts and Sciences, Accademia Nazionale delle Scienze, National Academy of Sciences, National Academy of Sciences
Famill
Kanner Hans Albert Einstein

Den Albert Einstein, gebuer de 14. Mäerz 1879 zu Ulm, a gestuerwen den 18. Abrëll 1955 zu Princeton (USA), war ee vun de bedeitendste Physiker vum 20. Joerhonnert.

Säi Liewen[änneren | Quelltext änneren]

Den Albert Einstein war den Eelste vun zwee Kanner. Seng Elteren Hermann a Pauline Einstein ware Geschäftsleit. Seng Schwëster Maja koum ee Joer no him zu München op d'Welt.

Hie war e Suergekand, huet spéit ugefaange mat schwätzen an huet 1894 d'Schoul, de Münchener Luitpold-Gymnasium, ouni Ofschloss verlooss. Well hien awer zu Zürich studéiere wollt, huet e sech 1895 zu Aarau an enger Schoul ugemellt fir den Ofschloss nozehuelen.

Ee Joer méi spéit huet en dee gepackt an ass vun do un iwwerzeegt, datt de liberale System aus der Schwäiz zu sengem Erfolleg bäigedroen huet. Vun do un huet hien eng Ofneigung géint den däitschen Drill an Autoritéit. Si bréngen hien dozou, spéider seng däitsch Nationalitéit opzeginn.

Mat 21 Joer mécht hie säin Ofschloss zu Zürich als diploméierte Fachprofesser an der Mathematik an an der Physik.

Hie geet an Däitschland zeréck. Seng Eltere liewen awer mëttlerweil an Italien. 1901 hëlt hien déi Schwäizer Nationalitéit un a geet 1902 op Bern wou hie sech mat Privatstonnen iwwer Waasser hält.

1905 huet hie fënnef grouss Aarbechte verëffentlecht, dorënner eng iwwer de Photoeffekt a och déi iwwer déi Speziell Relativitéitstheorie.

Fir d'Entdeckung vum photoelektreschen Effekt krut hien 1921 den Nobelpräis an der Physik.

1933 ass hien an d'USA immigréiert an huet do als Fuerscher um Institute for Advanced Study zu Princeton geschafft. Den 18. Abrëll 1955 ass hien zu Princeton gestuerwen.

Biographie[änneren | Quelltext änneren]

Seng Theorien[änneren | Quelltext änneren]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Einstein, Albert a Seelig, Carl: Mein Weltbild
  • Einstein, Albert a Calaprice, Alice: Einstein sagt

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Albert Einstein – Biller, Videoen oder Audiodateien