Positiounsdetektioun

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Detektioun)

Als Positiounsdetektioun gi Methode bezeechent, mat deenen déi raimlech Positioun vun Objete par Rapport zu der Plaz vum Observateur ermëttelt gëtt. An der Reegel gëtt dofir an enger bestëmmter Richtung eng Distanz gemooss. Dofir kënne Signaler fortgeschéckt ginn, déi vum Objet op de Sender zeréckreflektéiert ginn sou wéi z. B. Liicht oder Schallwellen.

Bekannt Beispiller fir aktiv Detektéierunge mat Schallwelle sinn d'Detektéierriff vun de Fliedermais an technesch Methode wéi den aktive Sonar resp. d'Echolot. Aktiv Technike mat elektromagnéitesche Welle sinn de Radar an de Laserdistanzmiesser.

Am wäite Sënn gëtt och d'Lokalisatioun mat passiv empfangene Signaler dacks Detektioun genannt. Beispiller dofir sinn d'Detektioun vum Globale Navigatiounssatellittesystem (z. B. Global Positioning System, GPS), d'GSM-Detektioun am Mobilfunknetz, souwéi d'WLAN-baséiert Detektioun, déi virun allem a Banneraim agesat gëtt. Weider Beispiller sinn d'Detektioun vun enger seismescher Quell mat opgezeechente seismesche Welle bei der Bestëmmung vun Äerbiewenzentren an d'akustesch Lokalisatioun vun enger Schallquell beim Héieren.

Am Ënnerscheed zu der Detektéierung gëtt ënner Uertsbestëmmung d'Bestëmmung vun der eegener Standplaz verstanen. Déi geschitt iwwer e globale Koordinatesystem an d'Bezuchspunkte vun engem Referenzsystem op Grondlag vun en ettleche Miessungen an uschléissende Berechnungen (kuckt och Navigatioun).