Radialvitess

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

D'Radialvitess (vum lat. radius »Staf«, »Speech«) ass an der Astronomie d'Vitesskomponent vun engem Himmelskierper a Richtung vun der Siichtlinn vum Observateur. D'Liicht vun engem Objet mat grousser radialer Vitess ënnerläit dem Dopplereffekt, d. h., seng Wellelängt gëtt méi grouss bei Objeten, déi den Ofstand vergréisseren bzw. méi kleng bei deenen déi méi no kommen, wat sech a Rout- bzw. Bloverrécklung vum Liicht nidderschléit.

D'radial Vitess vun engem Stär oder engem aneren liichtenden, fortzéienden Objet ka prezis gemooss ginn, andeems en héichopgeléiste Spektrum vun him opgeholl gëtt, an deem seng Spektrallinne mat deenen aus Laborversich bekannte Spektrallinnen verglach ginn. Déi doraus ermëttelt Rout- bzw. Bloverrécklung léisst sech direkt an eng Vitess ëmrechnen. Et ass allerdéngs net méiglech, op dësem Wee d'Vitesskomponent senkrecht zu der Siichtlinn z'ermëttelen. Eng positiv radial Vitess bedeit, datt den Objet sech ewech beweegt, eng negativ, datt et méi no kënnt.

Bei villen Duebelstäresystemer bewierkt d'Ëmlafbewegung vun de Stären eng fortwärend Verännerung vun hire radiale Vitessen. Doduerch ass et méiglech, och bei Systemer, déi am Teleskop net optesch opléisbar sinn, festzestellen, datt et sech ëm Duebelstären handelt. Si ginn dowéinst och spektroskopesch Duebelstäre genannt. Duerch genee Analys vun der Radialvitess kënnen Ofschätzunge vu Stäremassen an e puer Bunnelementer, wéi Exzentrizitéit a grousser Hallefachs, virgeholl ginn. Déiselwecht Method gouf scho gemaach, fir onsiichtbar Planéiten ëm Stären nozeweisen.

Och d'Rotatiounsvitess vu groussen astronomeschen Objete wéi Galaxien a Galaxiëkéip, loosse sech mat Hëllef vun ënnerschiddleche radiale Vitess vum Material bestëmmen.

Beispiller fir radial Vitessen:

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]