Arcturus (Stär)

Vu Wikipedia
Stärebild Bootes (Kaart)

Den Arcturus oder Arktur (α Bootis) ass den hellste Stär am Stärebild Bootes. Et ass e Roude Ris, dee véierthellste Fixstär um Nuetshimmel a vun alle Kontinenter aus ze gesinn (mat Ausnam vun der bannenzeger Antarktis. Et fënnt een hien an der Verlängerung vun der Täissel vum Grousse Won. Wann een dës Richtung weider verlängert, kéint een op de Stär Spica.

Wouhier kënnt den Numm[änneren | Quelltext änneren]

Den Numm Arktur leet sech vum griicheschen arktouros (αρκτούρος), "Bierenhidder", of a verwäist op d'Positioun als hellste Stär am Zeeche vum Bootes, dem Bierenhidder, deen um Nuetshimmel de klengen an de grousse Bier viru sech hin ze dreiwe schéngt.

Den arabeschen Numm vum Stär ass Haris el sema, Herrscher vum Himmel.

An der chineesescher Astronomie huet de Stär Arcturus dà jiǎo (chineesesch Schrëft: 大角), "grousst Har" geheescht, wat hierleet vum hellste Stär vum chineesesche Stärebild "Har" (角宿, Pinyin: jiǎo xiù).

Kuckt och[Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Arcturus – Biller, Videoen oder Audiodateien