Hubble-Konstant

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Entwécklungsstadien vum Universum (net moossstafgerecht)

D'Hubble-Konstant H0, genannt nom US-amerikaneschen Astronom Edwin Hubble, ass eng vun de fundamentalste Gréisste vun der Kosmologie. Si beschreift d'Quot vun der Expansioun vum Universum zum haitegen Zäitpunkt. Haut gëtt och dacks de Begrëff Hubble-Parameter gebraucht, well d'Hubble-Konstant genee geholl keng Konstant ass, mä sech mat der Zäit verännert. Den homogene Virgank vun der Expansioun gëtt als Hubble-Floss bezeechent.

Den aktuellste Wäert (August 2012) fir d'Hubble-Konstant gouf duerch déi prezis Kalibréierung vun de Cepheiden als Standardkäerzen am mëttleren Infrarout mat Hëllef vum Spitzer-Weltraumteleskop ermëttelt an ass

H_0 \approx (74{,}3 \pm 2{,}1) \ \frac{\mathrm{km}}{\mathrm{s \cdot Mpc}}

mat Mpc fir Megaparsec.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Saturn 01.svg Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]