10. August
Ausgesinn
<< | August | >> | ||||
Mé | Dë | Më | Do | Fr | Sa | So |
1 | 2 | 3 | 4 | |||
5 | 6 | 7 | 8 | 9 | 10 | 11 |
12 | 13 | 14 | 15 | 16 | 17 | 18 |
19 | 20 | 21 | 22 | 23 | 24 | 25 |
26 | 27 | 28 | 29 | 30 | 31 | |
2024 |
Den 10. August ass den 222. Dag vum Joer (223. am Schaltjoer) am Gregorianesche Kalenner.
Evenementer
[änneren | Quelltext änneren]- 1557: Schluecht vu Saint-Quentin.
- 1671: D'Plëss d'Arem an hir nei ugeluecht Niewestroosse ginn an der Stad Lëtzebuerg ageweit.
- 1792: Frankräich: Commune de Paris: Stuerm vun de Sansculottes ënner dem Danton a Marat op d'Tuilerien; Enn vun der Monarchie (bis zu der Restauratioun am Joer 1814). Eng nei Nationalversammlung gëtt gewielt: d'Convention nationale.
- 1952: D'Héich Autoritéit vun der Europäescher Communautéit fir Kuel a Stol kënnt eng éischt Kéier an der [Stad Lëtzebuerg zesummen.
- 2011: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert zu Faro 0:5 géint Portugal.[1]
Gebuer
[änneren | Quelltext änneren]-
Jang de Blannen
-
Herbert Clark Hoover
-
Alfred Doeblin
-
Rosanne Arquette
-
Marie Versini
- 1296: Jang de Blannen, Kinnek vu Béimen an Herzog vu Lëtzebuerg.
- 1795: Emmanuel d'Huart, franséischen Offizéier an Historiker.
- 1818: Léon Lamort, lëtzebuergeschen Industriellen.
- 1845: Aaron Nichols Skinner, US-amerikaneschen Astronom.
- 1858: Mathias Glaesener, lëtzebuergesche Magistrat a Member vum Staatsrot.
- 1863: Charles Bettendorf, lëtzebuergeschen Industriellen.
- 1874: Herbert Hoover, US-amerikanesche Politiker, 31. President vun den USA.
- 1878: Alfred Döblin, däitsche Schrëftsteller.
- 1888: Lucien Koenig, lëtzebuergesche Schrëftsteller.
- 1896: Milena Jesenská, tschechesch Schrëftstellerin, Iwwersetzerin a Journalistin.
- 1898: Jack Haley, US-amerikanesche Schauspiller.
- 1903: Pierre Grach, lëtzebuergeschen Architekt.
- 1908: Alexander D'Arcy, egyptesche Schauspiller.
- 1912: Constant Bilocq, belsche Paschtouer a Resistenzler.
- 1914: Ken Annakin, brittesche Filmregisseur.
- 1923: Rhonda Fleming, US-amerikanesch Schauspillerin.
- 1923: Jean Graton, franséische Comicszeechner an -zeenarist.
- 1924: Martha Hyer, US-amerikanezch Schauspillerin.
- 1924: Jean-François Lyotard, franséische Philosoph a Literaturtheoretiker.
- 1926: Marie-Claire Alain, franséisch Organistin.
- 1927: M. K. Vainu Bappu, indeschen Astronom.
- 1931: Renate Holm, däitsch Sopranistin a Schauspillerin.
- 1932: Murray Melvin, englesche Schauspiller.
- 1937: Annette Krier, lëtzebuergesch Turnerin.
- 1938: Grit Boettcher, däitsch Schauspillerin.
- 1940: Marie Versini, franséisch Schauspillerin.
- 1942: Robert Pauly, lëtzebuergeschen Auteur.
- 1951: Juan Manuel Santos, kolumbianesche Politiker.
- 1955: Jean-Paul Raths, lëtzebuergesche Schauspiller an Theaterregisseur.
- 1955: Eugène Medinger, lëtzebuergesche Basketballspiller.
- 1959: Rosanna Arquette, US-amerikanesch Schauspillerin.
- 1966: Udo Bölts, däitsche Vëlosfuerer.
- 1970: Joachim van der Vlugt, hollännesche Moler.
- 1970: Wouter van der Vlugt, hollännesche Sculpteur a Miwweldesigner.
- 1982: David Kraus, lëtzebuergeschen Äishockeyspiller.
- 1986: Aurélien Joachim, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- 1990: Lucas Till, US-amerikanesche Schauspiller.
Gestuerwen
[änneren | Quelltext änneren]- 1896: Nicolas Funck, lëtzebuergeschen Entdeckungsreesenden, Botaniker, Zoolog an Auteur.
- 1896: Otto Lilienthal, däitsche Fluchpionéier.
- 1933: Léon Bouvart, lëtzebuergeschen Architekt.
- 1942: Jean-Baptiste Esch, lëtzebuergeschen Theolog.
- 1945: Robert Goddard, US-amerikanesche Wëssenschaftler a Rakéitepionéier.
- 1960: Oswald Veblen, US-amerikanesche Mathematiker.
- 1961: Géza von Bolváry, Filmregisseur.
- 1974: Carlo Campogalliani, italieenesche Filmregisseur a Schauspiller.
- 1976: Karl Schmidt-Rottluff, däitsche Moler.
- 1976: Lambert Schaus, lëtzebuergesche Politiker an Diplomat.
- 1979: Géza Wertheim, lëtzebuergesche Bobfuerer, Tennisspiller an Olympionik.
- 1982: José Nieto, spuenesche Schauspiller.
- 1990: Pol Aschman, lëtzebuergesche Fotojournalist a Chroniker.
- 1995: Josseline Gaël, franséisch Schauspillerin.
- 2003: Jacques Deray, franséische Filmregisseur.
- 2008: Isaac Hayes, US-amerikanesche Museker.
- 2023: Antonella Lualdi, italieenesch Schauspillerin.
Feierdeeg
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: 10. August – Biller, Videoen oder Audiodateien |