Roger Barthel
Ausgesinn
| Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
| Roger Barthel | |
|---|---|
| Gebuer |
27. November 1913 Lëtzebuerg |
| Gestuerwen |
10. August 1944 Köln |
| Nationalitéit | Lëtzebuerg |
| Aktivitéit | Resistenzler |
|
| |
De Roger Barthel, gebuer de 27. November 1913 an der Stad Lëtzebuerg[1], a gestuerwen den 10. August 1944 zu Köln-Klingelpütz, war e lëtzebuergesche Resistenzler[2].
Hie gouf den 9. Februar 1944 op senger Aarbecht verhaft, verhéiert, an dann iwwer d'Prisongen am Gronn an zu Wittlech de 15. Juli op Köln-Klingelpütz bruecht, nodeems en den 12. Juli 1944 mat anere Komeroden,[3] zum Doud veruerteelt gi war. Hie gouf do den 10. August 1944 gekäppt.[2]
Den 10. Mäerz 1946 gouf e grousse Gedenkcortège zu Bäreldeng organiséiert, fir seng stierflech Iwwerreschter do ze begruewen.[2]
Fir un hien z'erënneren, gouf zu Bäreldeng eng Strooss, d'rue Roger-Barthel[4], no him genannt.
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ Fiche Roger Barthel op ons-jongen-a-meedercher.lu (nogekuckt 07.10.2024.
- 1 2 3 "Roger BARTHEL, Bereldeng." In: Luxemburger Wort, 1946. Jg., nº 71 (12.03.1946), p. 4. [Digitised by the National Library of Luxembourg.]
- ↑ Ons Jongen a Meedercher: Ehrentafel der Todesopfer / Gefängnis Köln-Klingelpütz
- ↑ L-7212
