Charles Bettendorf

Vu Wikipedia
Charles Bettendorf
De Charles Bettendorf (1910)
Gebuer 10. August 1863
Gestuerwen 30. Januar 1929
Munneref
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Industriellen
Erënnerungsplack un déi éischt "Semaine d'aviation", 1910 zu Munneref.

De Charles Bettendorf, gebuer den 10. August 1863 a gestuerwen den 30. Januar 1929 zu Munneref, war e lëtzebuergeschen Industriellen.

1896 war hien ee vun de Grënner vun der Société anonyme des hauts-fourneaux de Differdange.[1] Aner Engagementer waren ë. a. d'Bauindustrie an d'Munnerefer Mineralwaasser. Verschidde Jugendstilhaiser an der Biederstrooss zu Munneref goufen 1901 a sengem Optrag gebaut.

De Charles Bettendorf huet 1910, vum 5. bis den 12. Juni, d'"Semaine d'aviation de Mondorf" op senger Proprietéit zu Munneref organiséiert. Hie war de Besëtzer vum éischte Fliger, deen zu Lëtzebuerg geflunn ass. Dësen Doppeldecker, vum Gabriel Voisin gebaut a mat engem fofzegpäerdege V8 Antoinette-Motor ekipéiert, gouf 1909 an der Villa Louvigny ausgestallt an huet um Concours zu Munneref deelgeholl.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

Illustratiounen[änneren | Quelltext änneren]

Ensembel vu fënnef Haiser am Jugendstil, déi de Bettendorf zu Munneref an der Biederavenue baue gelooss huet.

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Memorial vum 19. Mee 1896 Archivéiert op 2016-03-05. Gekuckt de(n) 2011-02-28.