ASTRO-E

Vu Wikipedia

ASTRO-E ass d'Bezeechnung vun zwéi japanesche Weltraumteleskope fir Röntgenastronomie. Den zwéite Satellit ASTRO-E2 krut nom Start den Numm Suzaku no engem Villchen aus der asiatescher Mythologie.

ASTRO-E gouf als 5. japanesche Röntgensatellit vum japaneschen Institut fir Weltraumfuerschung ISAS, zanter 2003 Deel vun der JAXA, zesumme mat der NASA entwéckelt. ASTRO-E deckt mat dräi Instrumenter den Energieberäich 0.2-600 keV of. Géintiwwer vun anere Röntgensatelliten zeechent hie sech besonnesch duerch säin empfindlechen an héich opléisende Spektrometer (XRS) aus, deen d'Energie vun den antreffende Röntgenphotonen iwwer d'Fräisetze vun hirer Wäermt an engem gekillten Detekter ganz genee moosst.

Déi éischt ASTRO-E-Missioun ass den 10. Februar 2000 um 01:30 Auer UTC duerch eng Feelfunktioun vun der M-V-4-Rakéit, net op déi geplangtn Ëmlafbunnn bruecht ginn.

Am Joer 2001 gouf mam Bau vum Ersatzsatellit ASTRO-E2 ugefaangen. De Start war den 10. Juli 2005 um 3:30 Auer UTC mat enger M-V-6-Rakéit, déi vum Uchinoura Space Center gestart gouf. Den 8. August 2005 ass festgestallt ginn, datt dat komplett flëssegt Helium, dat fir d'Killung vum Detekter vum XRS-Spektrometer virgesi war, verdämpt war. Doduerch konnten déi mat dësem Instrument geplangt Observatiounen net méi duerchgefouert ginn. Déi zwee aner Instrumenter vum Satellit – XIS an HXD – kënne weiderhi bedriwwe ginn.

Biller[änneren | Quelltext änneren]

Weider japanesch Satellitte fir Röntgenastronomie[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie