Op den Inhalt sprangen

Hakuchō

Vu Wikipedia
Hakuchō
De Röntgenteleskop Hakuchō
TypRöntgenteleskop
Land Japan
AgenturISAS
Apogeum433 km
Perigeum421 km
Bunnschréi29,9°
Mass100 kg
Bunn-Ëmlafzäit93,1 min
Start21. Februar 1979, 05:00 UTC
StartplazKagoshima
DrorakéitMu-3C-4
Statusvergloust de 16. Abrëll 1985

Den Hakuchō, Japanesch fir Schwan war den éischte japanesche Satellit fir Röntgenastronomie. Den Numm vum Projet war ufanks bis zum Start CORSA-B (Cosmic Radiation Satellite B).

De Virgänger CORSA-A deen och am Institute of Space and Astronautical Science entwéckelt gi war, hat de 4. Februar 1976 duerch eng Feelfunktioun vun der Drorakéit d'Äerdemlafbunn net erreecht.

Den Hakuchō gouf den 21. Februar 1979 mat enger Mu-3C-Rakéit vum Kagoshima Space Center aus gestart. De 16. Abrëll 1985 goung d'Missioun mat dem Verglousen an der Äerdatmosphär op en Enn. Den Hakuchō hat dräi wëssenschaftlech Instrumenter fir den Energieberäich 0.1-100 keV u Bord. De Satellit hat nei Erkenntnesser bruecht, besonnesch iwwer verännerlech Röntgenquellen um Himmel wéi Pulsaren, an iwwer Quelle mat Ausbréch mat verstäerkter Röntgenstralung.

Weider japanesch Satellitte fir d'Röntgenastronomie

[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie