Tenma

Vu Wikipedia
Tenma (ASTRO-B)
De Weltraumteleskop Tenma
Typ Röntgen-Teleskop
Land Japan
Agentur Institute of Space and Astronautical Science
Apogeum 503 km
Perigeum 489 km
Bunnschréi 31,5°
Mass 216 kg
Bunn-Ëmlafzäit ? min
Start 20. Februar 1983, 05:10 UTC
Startplaz Kagoshima Space Center
Drorakéit M-3S
Status war den 19. Januar 1989 vergloust

Den Tenma war dat zweet japanescht Weltraumteleskop fir Röntgenastronomie. De Projetnumm ASTRO-B gouf no dem Start an Tenma geännert.

Tenma gouf den 20. Februar 1983 vum Kagoshima Space Center mat enger M-3S-Rakéit gestart a war bis den 11. November 1985 a Betrib, zanter Juli 1984 mat reduzéierter Effektivitéit wéinst engem Batterieproblem. Den 19. Januar 1989 koum d'Tenma nees an d'Äerdatmosphär eran a war vergloust. Dee vum Institute of Space and Astronautical Science entwéckelte Röntgensatellit hat Instrumenter fir de Röntgenberäich tëscht Energië vun 0.1 an 60 keV. Haaptinstrument war ee Gasszintillatiouns-Proportiounalzieler fir 2-60 keV. Mat senger verbesserter Energieopléisung (ongeféier 9.5% bei enger Energie vu 6 keV) konnt d'Tenma d'Röntgenemissiounslinne vun Eise bei 6.3-6.7 keV a Röntgenduebelstären, der Mëllechstrooss a bei aktive galaktesche Kären ënnersichen.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie