ASTRO-F

Vu Wikipedia

ASTRO-F ass e Weltraum-Infraroutteleskop vun der japanescher Raumfaartagentur JAXA an Zesummenaarbecht mat der European Space Agency, Groussbritannien, Holland a Südkorea.

D'Plange fir de Satellit hunn 1997 ugefaangen. Deen am Ufank fir 2003 geplangte Start gouf wéinst Problemer mat der Spigelophänkung verluecht. De Start war den 21. Februar 2006 um 22:28 MEZ mat enger M-V-Rakéit um Uchinoura Space Center, woubäi d'ASTRO-F an ee sonnesynchronen Äerdorbit a 750 km Héicht bruecht gouf. Nom Start krut dee 952 kg schwéiere Satellit den Numm Akari, japanesch fir Liicht.

Den Haaptspigel vum Teleskop huet 67 cm Duerchmiesser. D'Teleskop gëtt bis zirka 550 Deeg nom Start mat flëssegem Helium op 6 K gekillt, soudatt wärend dëser Zäit Observatiounen am mëttleren a wäitem Infrarout (Wellelängte 5,5 µm bis 200 µm) gemaach kënne ginn. D'Observatiounen am noen Infrarout (Wellelängte 1,8 µm bis 5,05 µm) kënnen och iwwer dës Zäit eraus fortgesat ginn.

Déi wichtegst wëssenschaftlech Ziler vun der Missioun sinn d'Erfuerschung vun der Genesis vu Galaxien am fréien Universum an der Genesis vu Stären a Planéiten an der Mëllechstrooss.

Verlaf[änneren | Quelltext änneren]

Bis Mëtt August 2006 hat Akari ongeféier 50 Prozent vum Himmel ënnersicht. Mëtt November 2006 hat Akari dat éischt Himmelssurvey fäerdeg. Jaxa geet dovun aus, datt de Proviant un Helium nach mindestens bis Ufank September 2007 hält.

D'Primärmissioun war Enn August 2007 fäerdeg. Et goufe 94 Prozent vum Himmel gescannt an iwwer 5.500 Eenzelobservatioune gemaach.

Weider japanesch Satellitte fir d'Astronomie[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]


ESA Satellitten a Raumsonden

COS-B (1975)GEOS 1 a GEOS 2 (1977, 1978)Meteosat (19771997)IUE (1978)EXOSAT (1983)Giotto (1985)Olympus (1989)Hipparcos (1989)Hubble (1990)Ulysses (1990)ERS 1 an ERS 2 (1991, 1995)EURECA (1992)ISO (1995)SOHO (1995)Huygens (1997)XMM-Newton (1999)Cluster (2000)Artemis (2001)Proba (2001)Envisat (2002)MSG 1 an MSG 2 (2002, 2005)Integral (2002)Mars Express (2003)SMART-1 (2003)Double Star (2003)Rosetta (2004)SSETI Express (2005)CryoSat (2005)Venus Express (2005)Galileo (20052008)ASTRO-F (2006)METOP-A (2006)CoRoT (2006)GOCE (2007)SMOS (2007)Herschel (2009)Planck (2008)ADM-Aeolus (2008)HYLAS (2008)LISA Pathfinder (2009)CryoSat-2 (2009)SWARM (2010)Gaia (2011)ExoMars (2013)BepiColombo (2013)JWST (2013)LISA (2015)Darwin (2015)Solar Orbiter (2015)Mars Sample Return (fréistens 2016)