EXOSAT

Vu Wikipedia
EXOSAT
De Satellit EXOSAT
Typ Fuerschungssatellit
Land Europa
Agentur ESA
Apogeum 191.709 km
Perigeum 347 km
Bunnschréi 72,5°
Bahnëmlafzäit 90,6
Mass 510 kg
Ofmiessungen 3,2 × 2,1 m
Start 26. Mee 1983
Startplaz Vandenberg AFB
Drorakéit Delta
Status vergloust

EXOSAT (European X-Ray Observatory Satellite) war den éischte Röntgen-Observatoire vun der europäescher Raumfaartagentur. Den Haaptoptrag krut déi däitsch Firma Messerschmitt-Bölkow-Blohm.

EXOSAT sollt als éischte Wëssenschaftssatellit mat der deemools neier europäescher Rakéit Ariane 1 gestart ginn. Gestart ass si dann de 26. Mee 1983 awer mat enger Delta-3914-Rakéit vun der Raumfaartgare Vandenberg an den USA an eng héichexzentresch Äerdëmlafbunn tëscht 347 km an 191.709 km Héicht an 72,5° Equatorschréi. D'Ëmlafzäit war 90,6 Stonnen. EXOSAT war bis zum Ausfall vun der Lagereegelung den 9. Abrëll 1986 a Betrib a war de 6. Mee 1986 nees an d'Äerdatmosphär agetrueden.

EXOSAT hat dräi gläich ausgeriichte Instrumenter fir d'Energieberäicher 0,05–2,5 keV, 2–20 keV an 1–50 keV. Duerch déi besonnesch Ëmlafbunn ware laang, onënnerbrachen Observatioune vu verännerlechen Objete méiglech. Bedeckunge vu Röntgenquellen duerch den Äerdmound goufen ausgenotzt, fir déi méi genee ze lokaliséieren an hir Struktur besser wéi an der Teleskopopléisung bestëmmen ze kënnen.

EXOSAT hat quasiperiodesch Hellegkeetsschwankungen a Röntgenduebelstären entdeckt an am Ganzen 1.780 Observatioune vu Röntgenquellen, wéi aktiv galaktesch Käre, d'Coronae vu Stären, wäiss Zwergen, verännerlech Stären, Galaxiëkéip a Supernovaiwwerreschter gemaach.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie


ESA Satellitten a Raumsonden

COS-B (1975)GEOS 1 a GEOS 2 (1977, 1978)Meteosat (19771997)IUE (1978)EXOSAT (1983)Giotto (1985)Olympus (1989)Hipparcos (1989)Hubble (1990)Ulysses (1990)ERS 1 an ERS 2 (1991, 1995)EURECA (1992)ISO (1995)SOHO (1995)Huygens (1997)XMM-Newton (1999)Cluster (2000)Artemis (2001)Proba (2001)Envisat (2002)MSG 1 an MSG 2 (2002, 2005)Integral (2002)Mars Express (2003)SMART-1 (2003)Double Star (2003)Rosetta (2004)SSETI Express (2005)CryoSat (2005)Venus Express (2005)Galileo (20052008)ASTRO-F (2006)METOP-A (2006)CoRoT (2006)GOCE (2007)SMOS (2007)Herschel (2009)Planck (2008)ADM-Aeolus (2008)HYLAS (2008)LISA Pathfinder (2009)CryoSat-2 (2009)SWARM (2010)Gaia (2011)ExoMars (2013)BepiColombo (2013)JWST (2013)LISA (2015)Darwin (2015)Solar Orbiter (2015)Mars Sample Return (fréistens 2016)