GEOS (ESA)

Vu Wikipedia

De GEOS (Geostationary Earth Orbit Satellite) Programm vun der europäescher Weltraumagentur ESA waren déi éischt Satellitten an enger geostationärer Ëmlafbunn, déi wëssenschaftlechen Zwecker déngten. Am Sproochgebrauch vun der NASA, déi fir de Start vun de Satellitten zoustänneg war, ginn dës Satellitten ESA-GEOS bezeechent, fir si vum Satellit GEOS, mam selwechten Numm vum NASA GEOS-Programm ënnerscheeden ze kënnen.

Aufgab vun de Satellitte ware Miessunge vun den elektreschen an de magnéitesche Felder, der Plasma-Magnéitfeld-Wiessselwierkunge souwéi der Energie- an der Wénkelverdeelung vun de geluedenen Deelercher (Elektronen an Ionen) am geostationären Orbit.

D'Satellitten haten eng zylindresch Bauweis mat enger Héicht vun 1,32 m. Ouni Dreifstoff hu si jeeweils 274 kg gewien. Am Orbit hu si véier jee 2,5 m laang Ausleeër, zwéin 20 m laang Kabel-Ausleeër an zwéin 3 m laang feststellbar Ausleeër fir déi verschidde Sensoren ausgebreet. Fir elektrostatesch Opluedungen ze verhënneren, ware 96% vun der Satellittenuewerfläch elektresch leetfäeg.

Béid Satellitte ware bis op kleng Modifikatioune bei e puer Experimenter identesch.

Satellitten am GEOS Programm[änneren | Quelltext änneren]

  • GEOS 1 (virum Start GEOS A) gouf den 20. Abrëll 1977 vum Cape Canaveral aus mat enger Delta-2914 Rakéit an de Raum bruecht. E Feeler bei der Delta-Rakéit hat dozou gefouert, datt de geostationären Orbit net erreecht konnt ginn. En Deel vun den Experimenter konnt awer och aus dem héichellipteschen Orbit mat 12 Stonnen Ëmlafzäit, tëscht 2682 an 38.475 km Héicht bei 26,6° Bunnschréi[1], gemaach ginn.
  • GEOS 2 (virum Start GEOS B) gouf de 14. Juli 1978 erfollegräich vum Cape Canaveral aus mat enger Delta-2914 Rakéit gestart an duerno op 37° Ost iwwer dem Equator positionéiert.[1]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 https://web.archive.org/web/20040711020238/http://esapub.esrin.esa.it/br/br200/Geos.pdf (Archiv-Version)


ESA Satellitten a Raumsonden

COS-B (1975)GEOS 1 a GEOS 2 (1977, 1978)Meteosat (19771997)IUE (1978)EXOSAT (1983)Giotto (1985)Olympus (1989)Hipparcos (1989)Hubble (1990)Ulysses (1990)ERS 1 an ERS 2 (1991, 1995)EURECA (1992)ISO (1995)SOHO (1995)Huygens (1997)XMM-Newton (1999)Cluster (2000)Artemis (2001)Proba (2001)Envisat (2002)MSG 1 an MSG 2 (2002, 2005)Integral (2002)Mars Express (2003)SMART-1 (2003)Double Star (2003)Rosetta (2004)SSETI Express (2005)CryoSat (2005)Venus Express (2005)Galileo (20052008)ASTRO-F (2006)METOP-A (2006)CoRoT (2006)GOCE (2007)SMOS (2007)Herschel (2009)Planck (2008)ADM-Aeolus (2008)HYLAS (2008)LISA Pathfinder (2009)CryoSat-2 (2009)SWARM (2010)Gaia (2011)ExoMars (2013)BepiColombo (2013)JWST (2013)LISA (2015)Darwin (2015)Solar Orbiter (2015)Mars Sample Return (fréistens 2016)