Kibō (ISS)

Vu Wikipedia
Kibō
Kibō-Konfiguratioun
Typ Fuerschungmodul fir d'International Raumstatioun ISS
Land Japan
Agentur JAXA
Start 11. Mäerz 2008
Transport vum Modul HTV
Status aktiv
Kibō PM am Opbau
Kibō ELM-PS bei der Fabrikatioun

De Kibō (japan.: きぼう fir Hoffnung, ufanks Japanese Experiment Module JEM) ass e Modul vun der Internationaler Raumstatioun (ISS) an de Bäitrag vun der japanescher Raumfaartagentur JAXA fir d'ISS.

Opbau[änneren | Quelltext änneren]

De Kibō ass de gréissten Eenzelmodul vun der ISS souwéi den éischte bemannte japanesche Weltraumprojet. E ka bis zu véier Raumfuerer ophuelen a bitt d'Méiglechkeet, un 23 Racks Experimenter matzemaachen, wouvun an der éischter Notzungsphas 14 geplangt sinn. D'Schwéierpunkte vun der Fuerschung sollen am Beräich vun der Weltraummedizin, Biologie an der Materialfuerschung leien.

Spéider soll de Weltraummodul mat Experimenter a Racks versuergt ginn, déi mat dem autonomen japaneschen HTV Transportmodul (änlech dem Progress oder ATV) bei d'Statioun bruecht ginn.

Als éischte Baudeel gouf d'Experiment Logistics Module (ELM-PS) den 11. Mäerz 2008 gestart an am Kader vun der Shuttle-Missioun STS-123 un d'ISS ugedockt. ELM-PS gouf provisoresch un der ieweschter Säit (Zenit) vum Harmony-Moduls festgemaach. D'Kibō-Haaptbaugrupp Pressurized Module (PM) an de Roboteraarm (RMS) goufen den 31. Mee 2008 mat der Missioun STS-124 op d'ISS bruecht an do den 3. Juni 2008 ugedockt. De 4. Juni gouf d'Schleis opgemaach an ëm 21:09 UTC ass den A. Hoshide zesumme mam K. Nyberg als éischt an dat zu dësem Zäitpunkt aus Gewiichtsgrënn nach eidelt Modul geschwieft.

Am Juli 2009 gouf mat der Missioun STS-127 als lescht Baudeel d'Bausseplattform fir Experimenter (EF) an d'Bausselager (ELM-ES) op d'ISS transportéiert.

Déi ganz Eenheet besteet aus fënnef Deeler:

  • Deem ënner Drock stoenden Pressurized Module (PM). Et ass dat zentral Modul, an deem d'Astronauten Experimenter duerchféieren. Seng Längt ass 11,2 m bei engem Duerchmiesser vu 4,4 m an enger Mass vu 15,9 t. Op der viischter Säit vum zylindresche Modul ass eng kleng Loftschleis, duerch déi z. B. Experimenter vun der Exposed Facility (EF) gebuerge kënne ginn.
  • Deem och ënner Drock stoenden sougenannten Experiment Logistics Module – Pressurized Section (ELM-PS). Dëse Modul gëtt haaptsächlech als Stauraum benotzt. Et hätt vum PM ofgekoppelt a mam Space Shuttle op d'Äerd zeréckbruecht a mat neiem Material erop geschéckt kënne ginn. ELM-PS ass 3,9 m laang an huet en Duerchmiesser vu 4,4 m. D'Eidelmass huet e Gewiicht vu 4,2 t.
  • Eng Plattform fir Experimenter. D'Exposed Facility (EF) ass 5,60 Meter laang, 5 Meter breet, 4 Meter héich a gëtt baussenzeg vum PM ugemaach. Si ass 5,1 m breet, 6,0 m laang ab huet eng Mass vu 4 t. Ronderëm d'Plattform kënnen eenzel Experimentcontainer ubruecht ginn.
  • D'Bausselager – Experiment Logistics Module – Exposed Section (ELM-ES) gëtt baussenzeg vum EF festgemaach. Hien ass 4,9 m breet an 4,2 m laang. Déi drocklos Luedplack vum HTV kann zu ELM-ES mat de Roboteräerm eidel gemaach ginn. D'ELM-ES gouf no engem éischten Asaz zum Transport vun Experimenter bei STS-127 vum Shuttle nees op d'Äerd zeréckgeholl an ass kee stännege Bestanddeel am Orbit.
  • Dem Roboteraarm vum Kibō-Modul. De JEMRMS (Japanese Experiment Module Remote Manipulator System) besteet aus engem Hauptaarm (Main Arm), deen 9,9 m laang ass a Masse bis zu siwen Tonne beweege kann, souwéi e klengen Aarm (Small Fine Arm), dee, wann hie gebraucht gëtt, ugedockt gëtt. Dëse klengen Zousazaarm ka ganz prezis Aarbechte maachen.

Zanter Mëtt 2017 gëtt an der Kibō d'Kamera-Drohn Int-Ball getest. Si soll d'Astronaute vu Fotografieaarbechten entlaaschten souwéi a Kooperatioun mam Buedempersonal d'Duerchféierung vun Experimenter verbesseren.

Experimenter um Exposed Facility (EF)[änneren | Quelltext änneren]

Déi follgend Experimentcontainer befannen sech am Ament an den 12 Ustiechplazen (Exposed Facility Unit = EFU1 bis EFU12):

  • EFU1: MAXI (Monitor of All-sky X-ray Image) – mat STS-127 transportéiert
  • EFU3: SMILES (Superconducting Submillimeter-Wave Limb-Emission Sounder) – vun HTV-1 transportéiert
  • EFU6: HREP bestoend aus HICO (Hyperspectral Imager for the Coastal Ocean) an RAIDS (Remote Atmospheric and Ionospheric Detection System) – vun HTV-1 transportéiert
  • EFU7: ICS-EF (Inter-orbit Communication System) – mat STS-127 transportéiert
  • EFU9: SEDA-AP (Space Environment Data Acquisition Equipment-Attached Payload) – mat STS-127 transportéiert
  • SFA (Small Fine Arm)-Vergréisserung vum Roboteraarm fir filigran Aarbechten – vun HTV-1 transportéiert.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Kibō – Biller, Videoen oder Audiodateien