International Raumstatioun

Vu Wikipedia
00 De Contenu vun dësem Kapitel oder dësem Artikel ass net vollstänneg oder net méi aktuell. Hëlleft wgl. mat, en ze komplettéieren oder nees op de leschte Stand ze bréngen.
Dësen Astronomiesartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
International Raumstatioun
ISS am Dezember 2006, Foto vum Space Shuttle Discovery
ISS am Dezember 2006,
Foto vum Space Shuttle Discovery
Logo
Logo vun der Internationaler Raumstatioun
Logo vun der Internationaler Raumstatioun
Moossen an Ennausbau
Spanwäit: 108,6 m
Längt: 97,9 m
Déift: 27,5 m
Rauminhalt: 1.140 m3
Mass: 400 t
Ëmlafbunn
Apogeum: 330–410 km[1]
Perigeum: 330–390 km[1]
Bunnschréi: 51,6°
Ëmlafzäit: 92 min
Relativgeschwindigkeet: 29.000 km/h
Energieversuergung am Ennausbau
Elektresch Leeschtung: 110 Kilowatt
Solarzellenfläch: 4.500 m2

D'International Raumstatioun (engl. International Space Station, ISS) ass eng an internationaler Kooperatioun entstanen, nach net komplett fäerdeg, awer scho besat Raumstatioun. Um Projet sinn nieft der amerikanescher NASA an der russescher Raumfaartagentur Roskosmos och europäesch Staate bedeelegt. All ESA-Staaten ausser Groussbritannien, Irland, Portugal, Éisträich, Finnland a Griicheland hunn de Vertrag iwwer de Bau vun der Statioun am Joer 1998 ënnerschriwwen. Weider bedeelegt sinn d'kanadesch CSA an d'japanesch JAXA. Brasilien hat mat den USA e separat Ofkommes iwwer d'Benotze vun der ISS.

D'Pläng fir eng grouss, international Raumstatioun gi bis an déi 1980er Joren zeréck. D'Statioun war deemools nach ënner dem Numm (Freedom oder Alpha) geplangt. D'ISS ass zanter 1998 am Bau an ass bis op Weideres dee gréisste vu Mënschenhand geschaaften Objet am Äerdorbit. Si kreest an zirka 350 km Héicht mat enger Bunnschréi vun 51,6° all 92 min ëm d'Äerd a soll, wa se bis fäerdeg ass, 2010 maximal Ofmiessunge vun ongeféier 110 × 90 × 30 m erreechen. Duerno soll si op d'mannst bis 2016 weiderbedriwwe ginn.

Wéinst der weltwäiter Kooperatioun an den ëmfangräichen Investitioune kann d'ISS als de gréissten zivillen an internationale Projet vun der Geschicht bezeechent ginn. Dat huet besonnesch zanter dem Enn vum Kale Krich an nom Bäitrëtt vu Russland zum Projet ee bedeitende Symbolwäert.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: International Raumstatioun – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 Aktuell Flughéicht Gearchiveerd op 2007-03-11. Gekuckt de(n) 2007-01-11.