Laanschtfluch

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen
Blue star boxed.svg De lëtzebuergesche Begrëff fir dëst Lemma ass eng Kreatioun vun engem Wikipedia-Auteur. En ass senges Wëssens bis ewell soss néierens nogewise ginn. Wier dat dach de Fall, soll dës Schabloun ewechgemaach an d'Quell ugi ginn. Wann a Fachkreesser en aneren Numm existéiere géif, sollt den Artikel natierlech deementspriechend geännert ginn.
Grondsätzlech ass et net un der Wikipedia, Konzepter z'erfannen. Allerdéngs wier hei d'Alternativ gewiescht, datt et soss guer keen Artikel iwwer dëse Sujet géif.

E Laanschtfluch ass an der Raumfaart déi laanggestreckt Bunn vun enger Raumsond laanscht en Himmelskierper deen observéiert soll ginn, ouni datt e Bunnmanöver – fir eng Ëmkreesung oder Landung – gemaach gëtt.

Bei exakter Steierung vun der Sond kann d'Gravitatioun ausgenotzt ginn, fir déi weider Bunn vun der Sond – op eng gewënscht Manéier z'ännere fir weider bei en aneren Himmelskierper ze fléien. Déi Technik déi zanter 1980 gebraucht gëtt‚ gëtt Swing-by, Gravity-Assist oder Gravitatiounsmanöver genannt.

Éischt Laanschtflich beim Äerdmound[änneren | Quelltext änneren]

An den éischte Jore vun der Raumfaart ware Laanschtflich beim Äerdmound oder bei den Nopeschplanéiten déi eenzeg Méiglechkeet fir eng Fuerschung op Distanz vun aneren Himmelskierper. D'Brennschlussvitesse vun de fréieren Drorakéite konnt awer nach net sou exakt agehale ginn, wéi se fir no Laanschtflich noutwendeg gewiescht wier. Déi erreecht Minimaldistanz war dofir eng Mooss fir d'Genauegkeet an Verléisslechkeet, mat där d'Steierung vum Raumfluch erfollegt war. Eréischt wéi Prezisioun vun vun de Starte méi grouss gouf, ongeféier vun 1 Promille vun der Endvitesse un, koum och d'direkt Uviséiere vum Mound – also eng haart Landung – an de Beräich vun de Méiglechkeeten.

Déi éischt gelonge Laanschtflich beim Äerdmound waren déi vun der sowjetescher Moundsond Lunik 1 (2. Januar 1959) op enger Distanz vu 6.000 km an déi vun der US-amerikanescher Pioneer 4 (4. Mäerz 1959) op enger Distanz vu 60.000 km. Virdru gouf et allerdéngs siwe Feelstarten. Béid Sonden hu Stralungs- an Deelechersmiessungen tëscht Äerd a Mound gemaach a goufen no der Moundpassage kënschtlech Planéite vun der Sonn. Lunik 1 hat déi virausgesoten Existenz vum Sonnewand nogewisen.

Bei der sechster sowjetescher Moundsond Lunik 2 (12/13. September 1959) war et fir d'éischt gelongen en haarden Opschlag um Äerdmound ze maachen. Luna 3 (4/10. Oktober 1959) konnt nom Laanschtfluch déi éischt Funkfotoe vun der Moundrécksäit iwwerdroen an hat dat eenzegt Moundmier vun där Hemisphär entdeckt, d'Mare Moscoviense. No weidere véier Feelschléi vun der UdSSR souwéi den USA koum de Laanschtfluch vu Ranger 2 am November 1961, déi stomm haart Landunge vu Ranger 4 a Ranger 6 (1962/64) souwéi de Laanschtfluch vun Luna 4 (1963). Komplett erfollegräich waren eréischt d'Fotoen aus kuerzer Distanz zur Mounduewerfläch vum Ranger 7, Ranger 8 an Ranger 9 (1964/65) souwéi duerch Zond 3 (1965).

Déi éischt mëll Landunge waren 1966 mat der Luna 9 (UdSSR) an den 3 Surveyor-Sonde vun den USA gelongen.

Éischt Flich laanscht Planéiten[änneren | Quelltext änneren]

Laanschtflich bei de béiden Nopeschplanéiten, der Venus an dem Mars, erfuerderen nach méi eng grous Prezisioun, déi sech nëmmen duerch nodréiglech Bunnmanöveren erreeche léisst. Si sinn eréischt no zwee resp. dräi Joer an no e puer Feelschléi gelongen.

Venus[änneren | Quelltext änneren]

  • Venera 1 den 20. Mee 1961 op enger Distanz vun 100.000 km– no engem Fluch vun dräi Méint. De Funkkontakt hat allerdéngs e puer Deeg nom Start versot.
  • Mariner 2 de 14. Dezember 1962 op enger Distanz vu 34.000 km– no 3,5 Méint Fluch. Éischt Miessdate vun der Venus, déi d'Hypothes vum waarm-fiichte Klima widerluecht hunn.
  • Och Venera 2 an Vernera 3 haten de Funkkontakt mat der Äerd verluer. Venera 4 (1967) a vun 1969 un, ass et souguer gelongen, Atmosphären- resp. Landesonden op der Venus ofzesetzen. Den héije Gasdrock hat si awer no 50 bis 90 Minutten zerstéiert.
  • Mariner 10, gestart de 4. November 1973, Laanschtfluch bei der Venus de 5. Februar 1974 a 5.800 km Héicht (4200 Fotoen aus kuerzer Héicht). Déi Sond war zimlech genee gesteiert, a konnt déi geplangt Ëmlenkung vun der Fluchbunn op de Merkur exakt maachen. Fir bei de sonnennächste Planéit ze kommen, hu misse mat dësem Swing-by-Manöver ongeféier 60 Prozent vun der Bunnenergie vun der Äerdbunn ofgebaut ginn. Doduerch konnt amplaz vun der Titan IIIC déi méi bëlleg Atlas-Centaur gebraucht ginn.

Mars[änneren | Quelltext änneren]

  • No dräi Feelstarte Mars 1 (1963), no e puer Méint war de Funkkontakt ausgefall
  • Mariner 4 (Start 28. November 1964), Marspassage de 15. Juli 1965 op 9.846 km Distanz. D'Sond hat 22 Fotoe vum roude Planéit aus kuerzer Distanz gemaach. Iwwerraschend vill Marskratere waren z'erkennen – a Liewe war praktesch auszeschléissen.

Merkur[änneren | Quelltext änneren]

  • Den éischte Laanschtfluch beim Merkur (19. Mäerz 1974) hat a 705 km Distanz de Mariner 10 gemaach an dobäi 2500 Fotoe gemaach. De Merkur huet dunn de Fluchkierper an eng Sonnenëmlafbunn vun 176 Deeg bruecht, wat genee dem Merkur senger duebeler Ëmlafzäit entsprécht. Sou war dunn den 21. September 1974 en zweete Rendez-vous (wéi geplangt op enger Distanz vu 50.000 km mat weidere Fotoen). En drëtte Rendez-vous war de 16. Mäerz 1975 op enger Distanz vun 375 km, bei där d'Magnéitfeld ënnersicht gouf. Duerno war den Dreiffstoff um Enn an d'Sond gouf ofgeschalt.
  • Den zweete Laanschtfluch beim Merkur war am Januar 2008, mat der Sond Messenger déi am August 2004 op d'Rees geschéckt gi war.

Jupiter, Saturn, Uranus an Neptun[änneren | Quelltext änneren]

Aner Laanschtflich[änneren | Quelltext änneren]