Luna 2

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Lunik 2)
Luna 2
Typ Moundsatellit
Land Sowjetunioun
Optrag UdSSR
Mass 390 kg
Start 12. September 1959
Enddatum 13. September 1959
Startplaz Weltraumgare Baikonur
Drorakéit Wostok-Typ 8K72
Status op de Mound opgeschloen
Timber vun der DDR

D'Luna 2 war déi zweet Raumsond vun der Sowjetunioun an déi éischt Moundsond, déi geziilt um Äerdmound opgeschloe war.

Opbau[änneren | Quelltext änneren]

D'Luna 2 huet hirem Virgänger Luna 1 geglach. Et war e sphäreschen, 390 kg schwéiere Kierper mat enger dominanter Antenn an engem Instrumentendeel. D'Sond war mat engem Geigercompteur, engem Magnetometer, engem Mikrometeoritten-Detekter an engem Szintillatiounscompteur ausgerëscht, hat awer keen eegenen Undriff.

Fluchverlaf[änneren | Quelltext änneren]

D'Sond gouf den 12. September 1959 am Kader vum Luna-Programm gestart. Op dem Fluch gouf op enger Distanz vun 130.000 km vun der Äerd e Blëtzliicht (Natriumdamp) gezünnt, dat fir Observatoiren op der Äerd ze gesi war an nieft der Bunnverfollgung och als Experiment fir d'Gasausdehnung am Weltraum gedéngt hat.

No ongeféier 1,5 Dag hat d'Luna 2 de Mound erreecht. De Aschlag war de 14. September um 00:02:24 Moskauer Zäit (no UTC den 13. September). Kuerz virum haarden Opschlag tëscht de Krateren Autolycus an Archimedes, um Rand vun där hir zu Éieren am Joer 1970 Sinus Lunicus genannter Moundbucht, bei enger Vitess vun 3,3 km/s (zirka 12.000 km/h), goufe Metallsträife mat sowjeteschen Emblemer ausgestouss. Déi drëtt Rakéitestuf, déi hannendru geflu war, war 30 Minutte méi spéit, tëscht de Krateren Archimedes an Autolycus, iwwer dem Palus Putredinis erofgestierzt, an zwar zimmlech genee um Nullmeridian op ongeféier 29,1 Grad nërdlecher Breet. Zwéin Objeten déi engem Foussball geglach hunn, haten e Sprengsaz, wouduerch eenzel fënnefeckeg Emblemer[1] aus raschtfräiem Stol fräigesat goufen.

Resultater[änneren | Quelltext änneren]

Luna 2 hat d'Miessung vu Luna 1 bestätegt, no där de Mound keng nennenswert staark Magnéitfelder oder eng mat der Äerd vergläichbar staark Stralungsceinture huet.

Luna 2 hat och eng besonnesch militärpolitesch Bedeitung am Kader vum Wettrëschten am Kale Krich. De Fluch vun der Sond op de Mound war nëmmen e puer Deeg virum Staatsbesuch vum Chruschtschow an den USA an huet demonstréiert datt Sowjetunioun, d'USA mat Interkontinentalrakéiten zu jiddwer Zäit ugräife kéint.

Déi sowjetesch Moundfuerschung gouf mat Luna 3 weidergefouert.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • E. Clark: Soviets Hit Moon, Data Flow Improves. In: Space Technology. 2, Nr. 4, Oktober 1959, S. 4–6
  • William Roy Shelton: Soviet Space Exploration. The First Decade. Barker, London 1969, ISBN 0-213-17799-4
  • Brian Harvey: The New Russian Space Programme from Competition to Collaboration. Wiley, Chichester 1996, ISBN 0-471-96014-4

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Bild der Embleme auf der russischen Wikipedia Gearchiveerd op 2016-07-19. Gekuckt de(n) 2013-03-24.