Sinus Lunicus

Vu Wikipedia
De Sinus Lunicus, opgeholl vun der Raumsond Clementine. Lénks ënnen de Moundkrater Archimedes. Riets ënnen d'Opschlagplaz vun der Lunik 2.

De Sinus Lunicuslat. fir Luna-Bucht – ass eng Bucht vum Mare Imbrium um Äerdmound. D'Benennung ass am Joer 1970 duerch d'IAU fir déi éischt Landeplaz vun enger Raumsond um Mound, 1959 duerch d'Lunik 2 erfollegt.

Déi donkelgro Basaltfläch vum verstengerte Lavaséi huet e mëttleren Duerchmiesser vun 126 Kilometer. D'Mieresbucht ass um Südostrand vum Mare Imbrium bei de mëttleren selenographesche Koordinaten 31° 48' Nord an 1° 24' West. Südwestlech grenzt un si de Krater Archimedes, an nordëstlech de Krater Aristillus, ëstlech läit de Krater Autolycus an nordwestlech d'Montes Spitzbergen.

Kuckt och[Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]