Sinus Aestuum

Vu Wikipedia
De Vollmound mat dem groussen Oceanus Procellarum. De Sinus Ästuum ass dat donkelt Gebitt tëscht dem rietsen Ellipserand an der Moundmëtt.
De Sinus Aestuum, Foto vum Moundorbiter Clementine. De grousse Krater lénks uewen ass den Eratosthenes, déi wäiss Sträife gehéieren zum Stralesystem vum Copernicus lénks baussenzeg vun der Foto.

De Sinus Aestuum (lat. fir Hëtzt-Bucht ) ass eng kleng, mareaarteg Formatioun no bei der Mëtt vum Äerdmound. Den Numm staamt vum italieeneschen Astronom Giovanni Riccioli (15981671) a gouf 1935 offiziell vun der Internationaler Astronomescher Unioun iwwerholl.

Déi donkelgro Basaltfläch vum versengerte Lavaséi huet bal eng kreesronn Form mat engem Duerchmiesser vun ongeféier 290 × 250 Kilometer. Hir Mëtt läit bei de selenographesche Koordinaten 11,0° Nord an 7,5° West. Am Südweste setzt sech déi ronn Déiffläch bis zum Moundequator an enger änlecher, eppes gréisserer Basaltfläch fort, déi op verschiddene Moundkaarten zu der selwechter Formatioun gezielt gëtt.

De Sinus Aestuum gëtt am Nordweste vum grousse Krater Eratosthenes begrenzt, am Norde vun de Montes Apenninus. Ëstlech läit d'Mare Vaporum an de Sinus Medii, am Süden d'Biergland ëm d'Fra Mauro. Am Oste formen e puer Buedemwellen den Iwwergank zum Mare Insularum.

Um Westrand, bei Eratosthenes, huet d'Lava dee fréiere Stadius iwwerflut an zu engem Geeschterkrater gemaach. Eppes méi südlech weist de Buedem eng däitlech méi donkel Faarf op. An der Géigend vum Krater Gambart C läit e flaache Lavadoum. Op dëser Plaz ass 1966 d'Moundsond Surveyor 2 opgeschloen.

Kuckt och[Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck a Quellen[änneren | Quelltext änneren]