Lacus Aestatis

Vu Wikipedia
Lacus Aestatis
Koordinaten 14°49'48"S, 68°34'12"W
Genannt no Summer
Moundvéiereck LQ18

De Lacus Aestatislaténgesch fir Summer-Séi – ass en erstarrte Lavaséi um Äerdmound. Säin Numm krut hie vun der d'Internationaler astronomescher Unioun am Joer 1970. Déi fréier Bezeechnung, déi hie vum däitschen Astronom a Selenograph Julius Franz (18471913) kritt hat, war Mare Aestatis.

D'Formatioun besteet aus zwou donkelgroe längelzege Flächen. Déi ganz Basaltfläch huet e mëttleren Duerchmiesser vun 90 Kilometer an ass ongeféier 1000 km² grouss. De Séi läit am Weste vun der äerdzougedréiter Moundsäit bei de selenographesche Koordinate 15° Süd an 69° West, tëscht de Kratere Rocca am Nordwesten a Crüger am Südosten, deen och en donkele Buedem huet.

Kuckt och[Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]