Sinus Medii

Vu Wikipedia
De Sinus Medii, um ënneschte rietse Bilddeel, Foto senkrecht opgeholl vum Moundorbiter Clementine. Oewen de Sinus Aestuum an uewe riets en Deel vum Mare Vaporum.

De Sinus MediiLatäin fir Bucht vun der Mëtt – ass e klengt Moundmier am Zentrum vun der äerdzougedréiter Äerdmoundsäit. Den Numm staamt vum däitschen Astronom Johann Heinrich Mädler a gouf 1935 duerch d'International Astronomesch Unioun offiziell festgeluecht.

Déi donkelgro Basaltfläch vum verstengerte Lavaséi huet eng oval Form mat engem Duerchmiesser vu ronn 330 × 170 Kilometer. Bei déiwem Sonnestand ginn e puer nord-südlech verlafend Terrainslinnen a Rillen un hirem Schiet erkennbar. Den Zentrum vun der Dällt huet d'selenographesch Koordinaten 2,4° Nord an 1,7° Ost.

De südwestlechen Deel ass bal ronn an huet nëmmen zwéi kleng Kratere mat 7 km (Bruce) a 5 km. Um Südrand hat d'Lava de Kraterrampli vum Oppolzer iwwerflut an zu engem Geeschterkrater ëmgeformt.

Den nordëstlechen Deel ass eppes méi Furen an huet mam Triesnecker en 30 km groussen Aschlagkrater. Am Norde verengt sech d'Lavafläch laanscht d'Triesnecker- an d'Hyginusrill, déi zum Mare Vaporum iwwerleet.

Am Weste gëtt de Sinus Medii mat enger Hiwwelkette vum Sinus Aestuum getrennt. Déi markantst Struktur am Süden ass déi 153 Kilometer breet flaach Fläch am Kater Ptolemaeus.

Am Sinus Medii sinn am Joer 1967 d'Moundsonde Surveyor 4 a Surveyor 6 gelant. Déi éischt hat versot, Surveyor 6 dogéint hat e puer Woche laang Dausende Biller an Donneeën iwwerdroen.

Kuckt och[Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Literatur a Spaweck[änneren | Quelltext änneren]