Mare Humboldtianum

Vu Wikipedia
Mare Humboldtianum (NASA-Foto)

De Mare Humboldtianum (Lat.Humboldt-Mier“) ass e Moundmier banne vum Humboldtianum-Becken ëstlech vum Mare Frigoris.

Et ass op de selenographesche Koordinate 56,8° N, 81,5° E a weist en Duerchmiesser vun 273 km op.

De Johann H. Mädler, huet d'Mier nom Alexander von Humboldt genannt, als Unerkennung un deem seng Fuerschunge vun onentdeckte Landstreecher.

Nieft dem Mare Smythii sinn nëmmen zwéi Maria no Persoune benannt.

Kuckt och[Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]