Lëscht vun de Maria um Äerdmound

Vu Wikipedia
Äerdzougedréit Säit vum Mound mat de gréisste Maria a Krateren.

D'Maria (betounen op der éischter Silb; Latäin fir „Mierer“, Singular: d'Mare) sinn donkel Déifflächen um Äerdmound (bal nëmmen op der viischter Moundsäit), déi 16 Prozent vun der Mounduewerfläch bedecken. Si kruten hiren Numm, well se fréier fir Mierer gehale goufen. Si bestinn aus 3,1 bis 3,8 Milliarde Joer alem donkele Basalt, hunn nëmme wéineg Krateren a si vun enger 2 bis 8 Meter décker Regolithschicht bedeckt, déi räich un Eisen a Magnesium ass. Se si méiglecherweis duerch grouss Aschléi an der Fréiphas vum Mound entstanen. Well an dësem Entwécklungsstadium de Mantel nach flësseg war, si s'uschléissend mat Lava (Lunabas) aus dem Moundkär vollgelaf. D'Maria hunn, mat Ausnam vun de Krateren, nëmme wéineg Héichtenënnerscheeder vu maximal 100 Meter.

Bei den als „Séien“, „Suppen“ a „Buchten“ bezeechente Strukturen handelt et sech och ëm basaltesch Déiffläche mat zu de Maria vergläichbarer Genesisgeschicht.

Interaktiv Kaart[änneren | Quelltext änneren]

WeltallMare ImbriumMare TranquillitatisMare SerenitatisMare CrisiumMare FecunditatisMare NectarisMare FrigorisMare FrigorisMare FrigorisOceanus ProcellarumOceanus ProcellarumMare HumorumMare NubiumMare CognitumMare VaporumSinus AestuumKopernikusKeplerTychoKaukasusApeninnenAlpenPlatoÄerdmound
Weltall

Op dëser Foto vum Mound sinn déi gréisst Strukture mat den entspriechende Wikipediaartikele verlinkt. D'Nimm erschéngen nieft dem Cursor. D'Moundachs steet op dësem Bild ongeféier 45 Grad schréi no lénks. Et gesäit een en also sou, wéi een en a mëttleren nërdleche Breeten no sengem Opgank am Oste kucke kann.

Ausser de Maria sinn och e puer Krateren a Gebiergszich agezeechent.

Mierer[änneren | Quelltext änneren]

D'Mierer vum Äerdmound
Laténgeschen Numm Lëtzebuergeschen Numm Lag Mëttleren
Duerchmiesser (km)
Mare Anguis Schlaange-Mier 22° 36' N 67° 42' O 150
Mare Australe Südlecht Mier 38° 54' S 93° 00' O 603
Mare Cognitum Bekannt Mier 10° 00' S 23° 06' W 376
Mare Crisium Gefore-Mier 17° 00' N 59° 06' O 418
Mare Fecunditatis Fruchtbarkeet-Mier 7° 48' S 51° 18' O 909
Mare Frigoris Mier vun der Keelt 56° 00' N 1° 24' O 1596
Mare Humboldtianum Humboldt-Mier 56° 48' N 81° 30' O 273
Mare Humorum Fiichtegkeets-Mier 24° 24' S 38° 36' W 389
Mare Imbrium Reemier 32° 48' N 15° 36' W 1123
Mare Ingenii Mier vun der Begabung 33° 42' S 163° 30' O 318
Mare Insularum Insel-Mier 7° 30' N 30° 54' W 513
Mare Marginis Randmier 13° 18' N 86° 06' O 420
Mare Moscoviense

oder och Mare Moskwa

Moskau-Mier 27° 18' N 147° 54' O 277
Mare Nectaris Nektarmier 15° 12' S 35° 30' O 333
Mare Nubium Wollekemier 21° 18' S 16° 36' W 715
Mare Orientale Ëstlecht Mier 19° 24' S 92° 48' W 327
Mare Serenitatis Frousënn-Mier 28° 00' N 17° 30' O 707
Mare Smythii Smyth-Mier 1° 18' N 87° 30' O 373
Mare Spumans Schéimend Mier 1° 06' N 65° 06' O 139
Mare Tranquillitatis Mier vun der Rou 8° 30' N 31° 24' O 873
Mare Undarum Wellemier 6° 48' N 68° 24' O 243
Mare Vaporum Donscht-Mier 13° 18' N 3° 36' O 245
Oceanus Procellarum Stiirm-Ozean 18° 24' N 57° 24' W 2568

Séien[änneren | Quelltext änneren]

Vergläichbar mat de Maria sinn d'Lacus (lëtzb. „Séien“), bei deenen et sech ëm kleng, ongläich Basaltfläche mat änlechem Urspronk handelt.

D'Séie vum Äerdmound
Laténgeschen Numm Däitschen Numm Lag Mëttleren
Duerchmiesser (km)
Lacus Aestatis Summer-Séi 15° 00' S 69° 00' W 90
Lacus Autumni Hierscht-Séi 9° 54' S 83° 54' W 183
Lacus Bonitatis Güte-Séi 23° 12' N 43° 42' O 92
Lacus Doloris Qual-Séi 17° 06' N 9° 00' O 110
Lacus Excellentiae Exzellent-Séi 35° 24' S 44° 00' W 184
Lacus Felicitatis Glécks-Séi 19° 00' N 5° 00' O 90
Lacus Gaudii Séi vun der Freed 16° 12' N 12° 36' O 113
Lacus Hiemalis Wanter-Séi 15° 00' N 14° 00' O 50
Lacus Lenitatis Séi vun der Zäertlechkeet 14° 00' N 12° 00' O 80
Lacus Luxuriae Séi vum Iwwerfloss 19° 00' N 176° 00' O 50
Lacus Mortis Doud-Séi 45° 00' N 27° 12' O 151
Lacus Oblivionis Séi vum Vergiessen 21° 00' S 168° 00' W 50
Lacus Odii Haass-Séi 19° 00' N 7° 00' O 70
Lacus Perseverantiae Séi vun der Ausdauer 8° 00' N 62° 00' O 70
Lacus Solitudinis Séi vun der Isolatioun 27° 48' S 104° 18' O 139
Lacus Somniorum Séi vun den Dreem 38° 00' N 29° 12' O 384
Lacus Spei Séi vun der Hoffnung 43° 00' N 65° 00' O 80
Lacus Temporis Séi vun der Zäit 45° 54' N 58° 24' O 117
Lacus Timoris Séi vun der Fuercht 38° 48' S 27° 18' W 117
Lacus Veris Fréijoers-Séi 16° 30' S 86° 06' W 396

Moueren[änneren | Quelltext änneren]

Weider onreegelméisseg Basalt-Strukture ginn als Palus (lb: „Mouer“) bezeechent.

D'Mouere vum Äerdmound
Laténgeschen Numm Lëtzebuerger Numm Lag Mëttleren
Duerchmiesser (km)
Palus Epidemiarum Seuche-Mouer 32° 00' S 28° 12' W 286
Palus Putredinis Fault Mouer 26° 30' N 0° 24' O 161
Palus Somni Schlof-Mouer 14° 06' N 45° 00' O 143

Buchten[änneren | Quelltext änneren]

Hallefkreesfërmeg Ausbuchtunge vun de Maria ginn als Sinus (lb: „Bucht“) bezeechent.

D'Buchte vum Äerdmound
Laténgeschen Numm Lëtzebuerger Numm Lag Mëttleren
Duerchmiesser (km)
Sinus Aestuum Hëtzt-Bucht 10° 54' N 8° 48' W 290
Sinus Amoris Bucht vun der Léift 18° 06' N 39° 06' O 130
Sinus Asperitatis Ronzelech Bucht 3° 48' S 27° 24' O 206
Sinus Concordiae Bucht vun der Harmonie 10° 48' N 43° 12' O 142
Sinus Fidei Bucht vum Glaaf 18° 00' N 2° 00' O 70
Sinus Honoris Bucht vun der Éier 11° 42' N 18° 06' O 109
Sinus Iridum Reeboubucht 44° 06' N 31° 30' W 236
Sinus Lunicus Luna-Bucht 31° 48' N 1° 24' W 126
Sinus Medii Bucht vun der Mëtt 2° 24' N 1° 42' O 335
Sinus Roris Bucht vum Dau 54° 00' N 56° 36' W 202
Sinus Successus Bucht vum Erfolleg 0° 54' N 59° 00' O 132

Kuckt och[Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Moundmierer – Biller, Videoen oder Audiodateien