Sinus Amoris

Vu Wikipedia
De Sinus Amoris, riets an iwwer der Mëtt vun der Foto vun der Raumsond Clementine. Am Zentrum vun der rietser Bildmëtt blénkt de Krater Carmichael.

De Sinus Amoris ass e klengt, buchtaartegt Moundmier am Mare Tranquillitatis um Äerdmound. De laténgeschen Numm heescht op Lëtzebuergesch Bucht vun der Léift a gouf vun der IAU am Joer 1976 offiziell festgeluecht.

De Sinus Amoris huet e mëttleren Duerchmiesser vun 130 Kilometer a streckt sech vum Nordostrand vum Mare Tranquillitatis 250 Kilometer wäit bis bei d'selenographesche Koordinaten 18° 06' Nord an 39° 06' Ost. Südëstlech dervu läit de Sinus Concordiae.

Kuckt och[Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]