Sinus Asperitatis

Vu Wikipedia
De Sinus Asperitatis. An der Mëtt um ënneschte Bildrand de Moundkrater Theophilus.

De Sinus Asperitatis ass e klengt, buchtaartegt Moundmier tëscht dem Mare Tranquillitatis an dem Mare Nectaris um Äerdmound. De laténgeschen Numm bedeit Ronzeleg Bucht a gouf am Joer 1976 vun der Internationaler Astronomescher Unioun offiziell festgeluecht.

Déi donkelgro Basaltfläch vum verstengerte Lavaséi huet e mëttleren Duerchmiesser vun 206 Kilometer a verbënnt de Mare Tranquillitatis am Norden mat dem Mare Nectaris am Süden, bei de mëttlere selenographesche Koordinaten 3° 48' Süd an 27° 24' Ost. Am Kär vun der Marebucht läit den 23 Kilometer grousse Krater Torricelli, an un sengem Südrand de ronn 100 Kilometer grousse Krater Theophilus.

Kuckt och[Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]