Lacus Somniorum

De Lacus Somniorum, opgeholl vun der Raumsond Clementine. Ënne lénks en Deel vum Mare Serenitatis. An der ënneschter Bildmëtt de 95 km breede Krater Posidonius.
De Lacus Somniorum – latäin fir Séi vun den Dreem – ass e verstengerte Lavaséi um Äerdmound. Seng Bezeechnung staamt vum italieeneschen Astronom Giovanni Riccioli (1598–1671) a gouf vun der IAU am Joer 1935 offiziell festgeluecht.
Déi basaltesch Déiffläch mat onreegelméissegen Ëmrëss huet e mëttleren Duerchmiesser vun 384 Kilometer, e Flächeninhalt vu ronn 70.000 km² a läit am Nordoste vun der äerdzougedréiter Moundsäit bei de selenographesche Koordinaten 38° 00' Nord an 29° 12' Ost. D'Formatioun ass am Südweste mat dem Mare Serenitatis an am Norde mat dem Lacus Mortis verbonnen.