Giovanni Riccioli

Vu Wikipedia
Giovanni Riccioli
Gebuertsnumm Galeazzo Riccioli
Gebuer 17. Abrëll 1598
Ferrara
Gestuerwen 25. Juni 1671
Bologna
Aktivitéit Selenograph, Theolog, Astronom, Kartograph, Universitéitsprofesser, Schrëftsteller, Philosoph

De Giovanni Battista Riccioli oder och Giambattista Riccioli, gebuer de 17. Abrëll 1598 zu Ferrara a gestuerwen de 25. Juni 1671 zu Bologna war en italieenesche Paschtouer (zanter 1614 Jesuitt) an Astronom. Ir hie sech ganz der Astronomie zougedréit hat, hat hie vill Jore Schoul an den Universitéite vu Parma a Bologna gehalen, wou seng Haaptgebidder Philosophie an Theologie waren.

Als Astronom war hie nee vun de Pionéier vun der Selenographie. D'Astronomen hu spéider seng Nomenklatur vun de Moundkrater a Moundmierer gréisstendeels iwwerholl. A sengem "Neien Almagest" stellt hien d'Heliozentrik dem Tychonesche Weltsystem géintiwwer.

Theolog an Astronom[änneren | Quelltext änneren]

De Giovanni Riccioli war wéi den Aristoteles an de Ptolemäus e Verfechter vum geozentresche Weltbild, an deem déi kugelfërmeg Äerd am Zentrum vum Universum vun alle Himmelskierpern, wéi Sonn, Mound a Planéite, op konzentresche Kreesbunnen ëmronnt gëtt.

Wéi vill aner Astronome vu senger Zäit versicht och e Riccioli Beweiser géint dat vum Nikolaus Kopernikus, Johannes Kepler, a Galileo Galilei postuléiert heliozentrescht Weltbild ze fannen, hält et awer ausdrécklech net fir eng Ketzerei. A sengem méibännegem Wierk Almagestum novum astronomiam... vu 1651 gebraucht hie souguer dem Galilei säi Fallgesetz a seng Versich als Beweis, datt d'Äerd sech net dréit an datt dat Tychonescht Weltbild physikalesch an theologesch dat plausiblest wier. Ob hien domat déi béid Dekreter vun de Peepst Paul V. (1616) an Urban VIII. (1633) géint dat kopernikanescht Weltbild stëtze wollt, ass net erwisen[1]

Nach haut ass dat "Neit Almagest" bekannt wéinst der Publikatioun vun de Moundkaarten. D'Kartéierung vum Mound baséiert op Observatioune mam Teleskop, déi hien a säin Assistent Francesco Maria Grimaldi gemaach haten. Ville Formatioune hat de Riccioli Nimm ginn, déi nach haut gëlteg sinn. Sou goufe vun him markant Moundkrater no berüümten Astronomen, Wëssenschaftler a Philosophe genannt, ënner anerem och nom Kopernikus, Kepler a Galilei. Déi hell Beräicher hat hie richteg als Héichlänner erkannt an hat si „Terrae“ (Plural vu lat. terra, Land) genannt, wärend hien déi donkel Beräicher (an der Meenung et wier Waasser) als „Maria“ (Plural vum lat. mare, Mier) bezeechent. De Johannes Hevelius hat a senger wichtegster Publikatioun, der Selenographia sive Lunae Descriptio vu 1647, scho Begrëffer wéi „Ozean“, „Golf“, „Mier“, a „Bierg“ agefouert, fir déi verschidde lunar Objeten ze benennen.

Aarbechten an Entdeckungen[änneren | Quelltext änneren]

1650 beschreift de Giovanni Riccioli als éischte Mënsch, den opteschen DuebelstärMizar an Alkor an der Mëtt vum Téissel vum Stärebild Ursa Major (Grousse Woon). Hien entdeckt och de Schiet vun de Jupitermounden um Jupiter. Weider mécht hien och d'Observatioun vun de Saturn-Réng, allerdéngs hat de Christiaan Huygens déi richteg Natur vun de Réng erkannt a beschriwwen. Ausserdeem hat de Riccioli un enger Method geschafft fir de Sonnenduerchmiesser auszerechnen. Hie war och en iwwerzeegte Verfechter vum gregorianesche Kalenner.

Nom Riccioli genannt[änneren | Quelltext änneren]

Zu Éiere vum Giovanni Riccioli kruten zwou Moundstrukture säin Numm:

  • de Riccioli Krater mat de Koordinaten 3° 18' Süd/74° 36' West an engem mëttleren Duerchmiesser vun 139 km; d'Benennung ass vun der IAU am Joer 1935 festhale ginn;
  • d'Riccioli Rill (Rimae Riccioli) mat de Koordinaten 2° 00' Süd/74° 00' West an engem mëttleren Duerchmiesser vu 400 km; d'Benennung huet d'IAU am Joer 1985 notéiert.

Publikatiounen (Auswiel)[änneren | Quelltext änneren]

Astronomie[änneren | Quelltext änneren]

  • Geographicae crucis fabrica et usus ad repraesentandam... omnem dierum noctiumque ortuum solis et occasum, Bologna 1643;
  • Almagestum novum astronomiam veterem novamque complectens observationibus aliorum et propriis novisque theorematibus, problematibus ac tabulis promotam, Bd. I-III, Bologna 1651;
  • Geographiae et hydrographiae reformatae libri duodecim, Bologna 1661 (2. Auflage, Venedig 1672);
  • Astronomia reformata, Bd. I-II, Bologna 1665;
  • Vindiciae calendarii Gregoriani adversus Franciscum Leveram, Bologna 1666;
  • Apologia R.P.Io. Bapt. Riccioli Societatis Iesu pro argumento physicomathematico contra systema Copernicanum, Venedig 1669;
  • Chronologiae reformatae et ad certas conclusiones redactae tomus primus, Bd. I-III, Bologna 1669;
  • Tabula latitudinum et longitudinum, Wien 1689.

Theologie[änneren | Quelltext änneren]

  • Evangelium unicum Domini nostri Jesu Christi ex verbis ipsis quatuor Evangelistarum conflatum..., Bologna 1667;
  • Immunitas ab errore tam speculativo quam practico definitionum S. Sedis Apostolicae in canonizatione Sanctorum..., Bologna 1668;
  • De distinctionibus entium in Deo et in creaturis tractatus philosophicus ac theologicus, Bologna 1669.

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. How The Catholic Church Built Western Civilization S.71-102, Thomas E.Woods, New York 2005 Gearchiveerd op 2011-03-19. Gekuckt de(n) 2011-03-19.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie