Francesco Maria Grimaldi

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
De Francesco Maria Grimaldi

De Francesco Maria Grimaldi, gebuer den 2. Abrëll 1618 zu Bologna a gestuerwen den 28. Dezember 1663 och do) war en italieneschen Theolog, Physiker, Mathematiker an Astronom.

Am Joer 1632 ass de Grimaldi dem Jesuitenuerde bäigetratt Hien huet 1647 an Theologie promovéiert a gouf 1651 zum Paschtouer geweit. Hien huet um Jesuitenkolléisch zu Bologna Course ginn.

Physiker[änneren | Quelltext änneren]

De Grimaldi huet verschidde Faarwen, déi bei der Liichduerchbriechung duerch e Prisma entstinn, observéiert. Hien huet och d'Verhale vum Liicht an enger Spléck ënnersicht an huet de Begrëff Diffraktioun geformt. Hien huet och d'Phenomen vun der Interferenz observéiert a beschriwwen. Seng grondleeënd Aarbechte an der Optik un d'Basis fir méi genee Analyse geluecht, déi e Strapp méi spéit vu Physiker wéi dem Isaac Newton, Christiaan Huygens, Thomas Young oder Augustin Jean Fresnel gemaach goufen an déi dem Grimaldi seng Hypothese bestätegt hunn a schlussendlech theoretesch erkläre konnten.

Astronom[änneren | Quelltext änneren]

De Grimaldi huet sech och mat der Selenographie beschäftegt. No Observatioune mam Teleskop huet hie probéiert, méiglechst genee Moundkaarten ze zeechnen. 1651 huet säi Pedagog Giovanni Riccioli eng vu senge Moundkaarte am méibännege Wierk Almagestum novum astronomiam veterem novamque complectens observationibus aliorum et propriis novisque theorematibus, problematibus ac tabulis promotam publizéiert. Dës Moundkaart ass ënner anerem dofir sou bemierkenswäert, well d'Moundstrukturen Nimm kruten, déi gréisstendeels nach haut unerkannt sinn. Sou goufe markant Punkte um Mound no berühmten Astronomen, Wëssenschaftler a Philosophen genannt, déi hell Beräicher goufen als Terrae (Plural vum latäin. terra, „Land“), déi donkel Beräicher (an der Meenung et wier Waasser) als Maria (Plural vum latäin. mare, „Mier“) bezeechent. Allerdéngs war dem Grimaldi seng Moundkaart net sou genee an detailléiert wéi déi an der Selenographia sive Lunae Descriptio, déi 1647 vum Johannes Hevelius publizéiert gouf.

Nom Grimaldi genannt[änneren | Quelltext änneren]

Zu Éiere vum Francesco M. Grimaldi goufen zwou Äerdmoundstrukturen no him genannt:

  • de Grimaldi-Krater, mat de Koordinaten 5° 30' Süd / 68° 18' West an engem mëttleren Duerchmiesser vun 172 km; e gouf 1935 vun der Internationaler Astronomescher Unioun (IAU) sou genannt;
  • d'Moundrill (Grimaldi-Rill / Rimae Grimaldi) mat de Koordinaten 9° 00' Süd / 64° 00' West an engem mëttleren Duerchmiesser vun 230 km; e gouf 1964 vun der IAU sou genannt. (Krater a Rill leien nieweneneen).

Publikatioun (Auswiel)[änneren | Quelltext änneren]

  • Physicomathesis de lumine, coloribus, et iride, aliisque annexis, Bologna 1665

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Saturn 01.svg Portal Astronomie