Selenographie

Vu Wikipedia
Selenographie als traditiounsräich Wëssenschaft: Beispiller aus Johann Hieronymus Schröter senger Selenotopographesch Fragmente (1791)

D'Selenographie, och Moundkartéierung, ass den Analogon vun der Geographie vum Äerdmound. D'Wuert ass aus de griichesche Begrëffer fir Mound, Selene) an zeechnen (grapheïn‚ zeechnen, schreiwen) zesummegesat.

Dogéint gëtt d'Vermiessung vum Mound a sengem Schwéierfeld  – analog zu der Geodesie – als Selenodesie bezeechent.

Breeten- a Längtegraden[änneren | Quelltext änneren]

D'Kartéierung vu Moundstrukturen erfollegt meeschtens am Koordinatesystem selenographesch Breeten a Längten, déi analog zu der geographescher Breet a Längt op der Äerd definéiert sinn: D'Koordinatenachs verleeft duerch déi béid Rotatiounspole vum Mound, ëm déi sech dem Äerdtrabant a 27,3 Deeg dréit an dobäi der Äerd ëmmer déi selwecht Säit zoudréint. Vertikal zu der Dréiachs verleeft duerch de Moundzentrum d'Equatorgläiche, a parallel zum Moundequator d'selenografesch Breetegrade. Si sinn Kreesser, déi zu de Polen hin ëmmer méi kleng ginn. Duerch béid Pole verlafe vertikal zum Equator d'Meridianen, Grousskreesser vu gläicher selenografescher Längt. De Nullmeridian orientéiert sech dobäi an der mëttlerer Richtung zu der Äerd. Mir gesinn also de Schnëttpunkt vum Moundequator an Nullmeridian ongeféier an der Mëtt vum Mound am Sinus Medii – bis op e puer Grad Ofwäichung, déi sougenannt Libratioun.

No der astronautescher Orientéierung ass op dem Mound Osten déi Richtung, an där fir en Observateur op dem Mound (Astronaut) d'Sonn opgeet. Mat zouhuelendem Mound wandert déi beliichte Säi lues vu riets (Osten) no lénks (Westen) iwwer d'Moundscheif.

Hiweis: Op ale Kaarte sinn Ost- a Westorientéierung géintiwwer haiteger Kaarte verdréit, well de Mound fréier mat ëmkéirenden Teleskopen observéiert gouf an een hie no der astronomescher Orientéierung (West- an Ostrichtung um Himmel) kartéiert hat.

Mondkaarten[änneren | Quelltext änneren]

Moundkaart aus der Selenographia sive Lunae Descriptio
Gezeechent Moundkaart vun 1881 (Andrees Handatlas)

Klassesch Moundkaarte sinn nëmme bedingt mat Landkaarte vun der Äerd ze vergläichen. Si weisen den Äerdmound aus grousser Distanz a jener Perspektiv, wéi een hie vun der Äerd aus am Teleskop gesäit: als gro-giel Kugel mat donkele „Mieren“ an hellen Kraterflächen. D'Gebidder um Moundrand erschéngen dobäi wéinst der sträifender Siichtlinn a radialer Richtung staark verkierzt. Dës Projektioun gëtt och orthographesch Azimutalprojektioun genannt. Opgrond der staarker Verzerrunge um Rand sinn Landkaarte (vun der Äerd) mat dëser Eegenschaft rar, mä bei Mound- a Planéitekaarte wënscht den Observateur meeschtens en änlechen Androck wéi um Teleskop.

Nei, fotografesch Moundkaarte si meeschtens aus ville Fotoe zesummegesate „Fotomosaiken“. Beliichtungseffekter gi mat Bildbeaarbechtung verbessert an et gëtt dorop geuecht, datt d'Richtung vum Schiet bei alle Reliefstrukturen d'selwecht ass. Duerch den Asaz vu Raumsonden ass och d'Kartéierung vun der Moundrécksäit méiglech ginn.

Déi éischt teleskopesch Moundskizz staamt vum Galilei 1610. Relativ genee Moundkaarten hunn de Francesco Maria Grimaldi an de Giovanni Riccioli 1651 gezeechent. Si hu scho Bezeechnunge vu Krater an aner Formatiounen enthalen, déi vu spéidere Selenographen iwwerholl goufen. 1662 huet de Geminiano Montanari fir d'éischt e Mikrometer fir genee Miessunge vu Moundkrater benotzt. Eng zimmlech genee Moundkaart huet de Giovanni Domenico Cassini am Joer 1680 erausginn.

Detailräich Kaarte stamen och vum Johannes Hevelius a vum Tobias Mayer (1723–62)..

Äerdmoundatlanten[änneren | Quelltext änneren]

E Moundatlas ass – an Analogie zu engem Atlas vun der Äerduewerfläch – eng systematesch ugeluete kartographesch Dokumentatioun vun der Uewerfläch vum Mound a Buchform.

Déi éischt gezeechent Moundatlanten stamen aus dem 18. Joerhonnert (Selenographie vum Hieronymus Schröter an aner). Wilhelm Beer an de Johann Heinrich Mädler hunn 1837 den éischte Moundatlas erausginn, deen déi siichtbar Moundhallschent ëmfaasst hat. 1878 publizéiert de Johann Friedrich Julius Schmidt déi geneest Moundkaart vum 19. Joerhonnert op Basis vun den Aarbechte vum Geodet Wilhelm Lohrmann. Si hat en Duerchmiesser vun 1,95 m an et waren 33.000 Krater agezeechent. Un engem 3,5 m grousse Kaartebild (1:1 Millioun) hat de Philipp Fauth vun 1884 bis 1940 geschafft an hat 1936 Deeler dovu publizéiert. Awer schonn ëm 1880 hat d'fotografesch Kaartéierung sech duerchgesat an 1894 hiren éischten Héichpunkt am Paräisser Systematesche Moundatlas (Loewy & Puiseux) erreecht. Hien ëmfaasst 24 Puer groussformateg Fotoen– all Kéier am Owend- a Moiesliicht, fir de Schiet vun de Krateren a béide Richtungen duerzestellen. Spéider publizéiert de Mount Wilson-Observatoire ee nach méi geneeën Atlas.

Scho fir Raumfaartzwecker hat de Gerard Kuiper 1960 an den USA e fotografesche Moundatlas publizéiert. Am Atlas waren 280 Fotoe vum Lick-, McDonald- a Yerkes-Observatoire souwéi vum Mt. Wilson a Pic du Midi zesummegestallt. Wärend den éischten Atlas vun der Moundrécksäit am Joer 1961 ënner dem Titel Atlas of the other side of the moon erauskoum, sollt dem Kuiper säi Wierk zu enger Schichtekaart am Moossstaf 1:1 Millioun (entspriechend 3,5 m Duerchmiesser) iwweraarbecht ginn, d. h. mat der Opléisung vun e puer 100 Meter. Kuerz drop ass ugefaange ginn d'Kartéierung duerch déi fënnef Moundsonde vun der Serie Lunar Orbiter vun 1966 bis 1968, déi elo och d'Moundrécksäit ëmfaasst huet. Weider Moundorbiteren an den dorop follgende Joerzéngten hunn d'Moundkartographie nach weider verbessert, v. a. d'Clementine- an d'Lunar Prospector-Missioune vun den 1990er-Joren. Regional huet een do schonn Eenzelheete vun de Moundstrukturen am Meterberäich kannt.

E puer Beispiller vun neien Atlanten sinn:

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Ewen A. Whitaker: Mapping and naming the Moon – a history of lunar cartography and nomenclature. Cambridge Univ. Press, Cambridge 2000, ISBN 0-521-62248-4
  • Peter van der Krogt: Das «Plenilunium» des Michael Florent van Langren. Die erste Mondkarte mit Namenseinträgen. In: Cartographica Helvetica Heft 11 (1995) S. 44–49 Volltext
  • Klaus Bartels: Vom Mondgesicht zur Mondkarte. In: Cartographica Helvetica Heft 5 (1992) S. 11–16 Volltext

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Wiktionnaire: Selenographie Definitioun, Synonymmer an Iwwersetzungen
Commons: Moundkaarten – Biller, Videoen oder Audiodateien

Atlanten: