Moundrécksäit

Vu Wikipedia
Bildmosaik vun der Moundrécksäit. Lénks uewen d'Mare Moscoviense, lénks ënnen den donkele Krater Tsiolkovskiy, am ënneschte Bilddrëttel déi fleckeg grouss Beckeregioun vum Mare Ingenii, Leibnitz, Apollo a Poincaré.

Moundrécksäit gëtt déi Hemisphär vum Äerdmound genannt, déi vun der Äerd aus net ze gesinn ass.

Datt eng Hallschent vun eisem Mound ëmmer vun der Äerd ofgedréit ass, huet seng Ursaach an der gebonnener Rotatioun vum Trabant – e Phenomeen deen dacks optrëtt wann zwéin Himmelskierper sech enk ëmkreesen. Duerch d'Gezäitekraaft vun der Äerd huet sech d'Rotatiounsdauer vum Mound no an no der Mountlängt (senger Ëmlafzäit ëm d'Äerd) ugepasst.

Ënnerscheeder zu der visueller Moundhallschent[änneren | Quelltext änneren]

D'Moundrécksäit gouf fir d'éischt Enn 1959 vun der russescher Moundsond Luna 3 erfuerscht. Hir Funkbiller hate 70 Prozent vun der äerdofgedréiter Säit erfaasst.

D'Topographie vun der Viischter- a vun der Récksäit vum Mound. Op der Récksäit sinn déi regional Héichtenënnerscheeder méi staark profiléiert.

De Lunar Reconnaissance Orbiter vun der National Aeronautics and Space Administration hat d'Moundrécksäit viru kuerzer Zäit a ganz héijer Opléisung kartéiert.[1]

Schonn op den éischte Bléck fält op, datt déi donkel Gebidder, déi vu verstengerter Lava bedeckten Déifflächen, nëmmen e puer Prozent vun der Uewerfläch ausmaachen, am Géigesaz zu ongeféier 30 Prozent op der Viischter Säit. Dofir ass d'Récksäit am Schnëtt e bëssi méi hell, si huet eng méi héich Albedo. Méiglecherweis als Folleg vun de feelende Moundmierer resp. groussen Aschléi existéieren hei och manner Moundgebierger a -rillen. De maximalen Héichtenënnerscheed ass - am zentralen Héichland tëscht Korolev an Hertzsprung, resp. Bierger vum éiwege Liicht no beim Südpol - ongeféier 16 km. Dëst sinn e puer Kilometer méi wéi op der äerdzougedréiter Moundhälschent an nëmmen eppes manner wéi 20 km op der Uewerfläch vun der Äerdkuuscht.

D'Schwéierfeld op der Viischter- an op der Récksäit vum Mound, rout = gréisser, blo = manner Gravitatioun

Aus geologesch-kosmogonescher Siicht ass bemierkenswäert, datt et op der Moundrécksäit nëmme véier kleng Moundmierer gëtt: Déi zwee relativ zentral geleeën Déiflänner Mare Moscoviense a Mare Ingenii souwéi déi bei extreemer Libratioun um Rand virun der viischter Säit visuell Déiflänner Mare Australe a Mare Orientale. D'Moundrécksäit besteet zu iwwer 90 Prozent aus hellen, kraterbedeckten Héichlänner. Opfälleg ass och den donkele Buedem vum grousse Krater Tsiolkovskiy, an dem Krater Jules Verne. Déi zwou sou ongläich Hemisphären hu sech och ënnerschiddlech entwéckelt, an deem Sënn datt de geometresche Mëttelpunkt vun der Moundkugel an hire Schwéierpunkt ëm 1,8 Kilometer (1 Promille vum Moundradius) vuneneen ofstinn, wat mat enger Asymmetrie vum bannenzegen Opbau an der Moundkuuscht zesummenhänkt.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Hohe Berge, rätselhafte Gräben: Die faszinierende Landschaft des Mondes. Auf: spiegel-online 25. Juni 2010.