Johann Hieronymus Schröter

Vu Wikipedia
Johann Hieronymus Schröter
Gebuer 30. August 1745
Erfurt
Gestuerwen 29. August 1816
Lilienthal
Educatioun Universitéit Göttingen
Aktivitéit Astronom, Jurist, Kartograph
Member vun Däitsch Akademie vun den Naturfuerscher Leopoldina, Royal Society, Schweedesch Akademie vun de Wëssenschaften, Bayeresch Wëssenschaftsakademie, Russesch Akademie vun de Wëssenschaften, Sankt Petersbuerger Akademie vun de Wëssenschaften, Académie des sciences

De Johann Hieronymus Schroeter, gebuer den 30. August 1745 zu Erfurt, a gestuerwen den 29. August 1816 zu Lilienthal bei Bremen war en däitsche Jurist, Beamten an Astronom. Hien huet Observatioune vu Planéite gemaach, detailléiert Moundkaarte gezeechent an huet grouss Spigelteleskope gebaut. Den Observatoire deen hien zu Lilienthal opgeriicht hat, war mat deem gréissten Teleskop vun Europa ekipéiert.

Säi Liewen[änneren | Quelltext änneren]

De Schroeter gouf als Jong vun engem Jurist gebuer. Hien hat eréischt néng Joer, wéi säi Papp gestuerwen ass. No Ofschloss vu senger Schoulausbildung huet hien am Joer 1762 op der Universitéit Erfurt en Theologiesstudium ugefaangen. Donieft huet hie sech fir Musek an Astronomie intresséiert. Am Tuerm vun der Schottekierch war e klengen Observatoire mat engem Teleskop ageriicht ginn. Do huet hie mat senge Frënn Himmelsobservatioune gemaach.

1764 wiesselt de Schroeter op d'Universitéit Göttingen fir Rechtswëssenschaft ze studéieren. Am Joer 1767 huet hie säi Studium ofgeschloss an huet eng Lafbunn als Beamten ugefaangen.

1777 gouf hien als Sekretär vun der „Kinneklecher Kummer“ op Hannover versat. Duerch seng Intressen un der Musek léiert hien d'Famill vum Isaak Herschel kennen. Deem säin zweete Jong, de Wilhelm Herschel, war als Museker an England gaangen a schafft do an der Tëschenzäit als Astronom.

Duerch d'Berichter vum Herschel senge Gesëschter inspiréiert, huet sech de Schroeter selwer erëm mat der Astronomie beschäftegt. Am Ufank huet hie sech en Teleskop bei engem Optiker ausgeléint. Duerch d'Vermëttlung vum Dietrich Herschel huet hie sech 1779 en Achromat vum John Dollond mat 5 cm Ëffnung an enger Brennwäit vu 91,5 cm ugeschaaf. Dunn huet hien ugefaange mat Observatioune vun der Sonn, dem Äerdmound an de Planéiten. D'Entdeckung vum Uranus am Joer 1781 duerch de Wilhelm Herschel huet de Schroeter dozou bruecht, systematesch an intensiv Himmelsobservatiounen duerchzeféieren.

Am Mee 1782 gouf de Schroeter op Lilienthal bei Bremen versat, wou hien eng Plaz als Beamten ugeholl huet. Déi Aarbecht huet him genuch Zäit gelooss, fir sech mat der Astronomie ze beschäftegen. Am Gaart huet hien een einfachen Observatoire opgeriicht. Am Joer 1784 baut hie sech e Spigelteleskop mat 12 cm Ëffnung an enger Brennwäit vun 122 cm. De Spigel an aacht Okulare krut hie vum Wilhelm Herschel aus England geschéckt. D'Resultater vu sengen Observatiounen iwwer den Äerdmound an d'Venus huet de Schroeter a Fachzäitschrëfte publizéiert.

1786 huet de Schroeter weider Baudeeler vum Herschel kritt, mat deenen hien e Spigelteleskop mat 16,5 cm Ëffnung a 2,14 Brennwäit baut. Am Gaart huet hie sech dann en zweestäckegen Observatoire baue gelooss. Hie verfaasst Aarbechtspläng fir systematesch Ënnersich vu Sonn, Mound, Venus, Mars Jupiter Saturn, Duebelstären, Verännerlech Stären an niwweleg Objeten.

Am Joer 1788 riicht de Schroeter am Gaart en zweeten Observatiounspunkt op, an nennt en "Urania-Tempel".

1792 mécht hien d'Bekanntschaft vum Professer Johann Gottlieb Friedrich Schrader vun der Universitéit Kiel. An där Zäit vergréisseren déi Zwéin, zesumme mam Schroeter sengem Gäertner Harm Gefken, d'Verfahre fir Produktioun vun Teleskopspigelen, déi deemools nach aus Metall waren. Fir eng besser Reflexioun ze kréien, dämpe si eng Schicht vun Arsen op den Alliage vu Koffer an Zënn op. Et entstoungen Teleskope mat ganz gudden Ofbildungsleeschtungen, wéi en Instrument mat 24 cm Ëffnung.

De Schroeter war e kritesche Mënsch an huet seng selwer gebauten Teleskope stänneg verbessert.

Am Joer 1794 baut hien e „Risenteleskop“, dat iwwer 50,8 cm Ëffnung an 8,25 m Brennwäit huet. Et gouf virun allem fir d'Observatioun vun der Nuetssäit vum Äerdmound, der Registréierung vun Niwwelen a Stärekéip an de Planéite bei Dagesliicht agesat. Duerch dat Teleskop ass de Schroeter berüümt ginn an hie krut Besuch vun Astronomen, héije Staatsbeamten a vun der Arméi.

Mam Franz Xaver von Zach an dem Heinrich Wilhelm Olbers grënnt hien 1800 zu Lilienthal d'Astronomesch Gesellschaft, fir d'Verbreedung vu Wëssen an Entdeckungsdaten ze begënschtegen. Den éischte President vun der Gesellschaft gouf de Schroeter.

Vun 1799 un, geet d'Gehalt vum Schroeter net méi duer fir den Ënnerhalt vum Observatoire a senge Publikatiounen. E verkeeft dofir déi ganz Ausrëschtung un den englesch-hannoveranesche Kinnek George III., woubäi d'Instrumenter zu Lilienthal bliwwe sinn. De Schroeter huet dofir 1200 englesch Guineen (Wäert haut ongeféier 150.000 Euro), eng Rent vun 300 Taler an 200 Taler fir den Ënnerhalt vun engem „Observatoire-Inspekter“ kritt. Nom Schroeter sengem Doud goungen d'Instrumenter un d'Universitéit Göttingen.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]