John Dollond
John Dollond | |
---|---|
Gebuer | 10. Juni 1706 jul. |
Gestuerwen |
29. November 1761 London |
Doudesursaach | Hiereschlag |
Nationalitéit | Kinnekräich Groussbritannien |
Aktivitéit | Astronom, Physiker, Instrumentebauer, Erfinder |
Member vun | Royal Society |
Den John Dollond, gebuer den 10. Juni 1706 zu Spitalfields, London, a gestuerwen den 30. November 1761 zu London, war e britteschen Optiker an Teleskopebauer vu franséischer Ofstamung.
Liewen
[änneren | Quelltext änneren]Den Dollond staamt aus enger hugenottescher Auswandererfamill a war ufanks wéi all a senger Famill als Seidewiewer beschäftegt. Niewebäi huet hie sech awer fir d'Astronomie a fir d'Optik intresséiert. Spéider huet hien en Atelier fir d'Konstruktioun vun opteschen an astronomeschen Instrumenter gegrënnt. Zanter 1752 huet hie mat sengem Jong, dem Peter (1730–1820) zu London un der Verbesserung vun dioptreschen Teleskope geschafft, fir hir chromatesch Aberratioun - d'Faarfränner déi gestéiert hunn - ze verklengeren.
No en ettleche Versich an de Jore 1757 a 1758, zu deenen d'Ënnersich vum Samuel Klingenstierna si ugereegt haten, hat den Dollond déi ongläich Refraktioun vun de faarwege Liichtstralen an de Glasprisme mat verschiddener Briechkraaft entdeckt. Doraus hat hien d'Méiglechkeet ofgeleet, achromatesch Lënsen ze maachen, déi faawereng Biller weise sollten.
Zwar war den Dollond net den Erfinder vun dëser bunnbriechender Neierung am Teleskopbau - déi eigentlech Erfindung vum Achromat war dem Chester Moor Hall gelongen, deen awer net un der wirtschaftlecher Ausnotzung vu senger Erfindung intresséiert war. Awer den Dollond war den éischten an iwwer Joren den eenzegen, deen déi Objektiver wirtschaftlech hierstelle konnt. 1758 gouf den Dollond vun der Royal Society mat der Copley Medal ausgezeechent. Am selwechte Joer krut hien e Patent op 14 Joer fir d'Fabrikatioun vun Achromat-Objektiver. D'Akommes dovun huet hie mam Francis Watkins, deen hie finanzéiert hat, gedeelt.[1]
Déi héich Qualitéit vun den Dollond Flintglas-Lënse geet op den Akaf vun enger extreem gutt reusséierter Glasur aus Nordengland zeréck. Niewent sengem gréissten Objektiv vu 5 Zoll (12,7 cm) entstoungen zu senge Liefzäiten ongeféier eng Dose mat enger Ëffnung vu 4 Zoll (ongeféier 10 cm). Nach 20 Joer méi spéit war den Astronom Johann Hieronymus Schroeter glécklech, fir sou e Lënsenteleskop kafen ze kënnen.
Den John Dollond ass den 30. November 1761 zu London gestuerwen. Säin eelste Jong, de Peter Dollond, huet d'wëssenschaftlecht Interessi vu sengem Papp gedeelt an huet spéider en optescht Institut gegrënnt. De Peter Dollond huet den Apochromat erfonnt.
Säin Eedem war den Optiker Jesse Ramsden. Him hat den Dollond d'Patent fir d'achromatesch Glieser als Brautgeschenk vu senger jéngster Duechter Sarah (1743–1796) mat an d'Bestietnes ginn.
Literatur
[änneren | Quelltext änneren]- Rolf Riekher: Fernrohre und ihre Meister. 2. staark bearb. Oplo. Verlag Technik, Berlin 1990, ISBN 3-341-00791-1
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: John Dollond – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ Anita McConnel Jesse Ramsden, Ashgate Publ., 2007, S. 17