Selenodesie

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen

Selenodesie ass d'Wëssenschaft vum Vermoosse vum Äerdmound a vu sengem Schwéierfeld.

De Begrëff ass analog zur Geodesie ofgeleet (griichesch Selene fir Mound) an entstoung ëm 1967 am Kader vun de Lunar-Orbiter-Sonden, ass awer nach net wäit verbreet.

D'Selenodesie huet och wéi d'Geodesie geometresch an dynamesch Methoden, huet awer am Géigesaz zu terrestresche Vermoossunge mam Problem vun de groussen Distanzen (méi schwaach Moosssignaler, méi grouss Stéierungen) an déi vun der Äerd aus net siichtbarer Moundrécksäit ze kämpfen.

Erfollegräich Methode si bis elo d'Fërderung vu prezise Bunndaten an hir Analyse fir d'Bestëmmung vum lunare Gravitatiounsfeld. Zum Beispill konnte mat Hëllef vun de Mound-Orbiteren déi sougenannt Masconen – staark Massekonzentratiounen am Ënnergronn vum Mound – nogewise ginn. Och d'Tatsaach vum exzentresche Moundmëttelpunkt  – bedéngt duerch déi gebonne Rotatioun vum Mound – gouf aus Bunnstéierungen vu Moundsatellitten ofgeleet.

Gutt Resultater huet och eng Aart Triangulatioun vun Ëmlafbunnen ëm de Mound bruecht. D'Fotoe vun de Raumsonde, vun der Mounduewerfläch, goufen benotzt, fir hir Bunnen iwwer der Moundrécksäit no Aart vum Réckwäertsschnëtt ze berechnen. Och domat konnt – nieft geometreschen Date vum Mound – seng Schwéierpunkt-Anomalie bestëmmt ginn.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]