Lunar Orbiter

Vu Wikipedia
Lunar Orbiter

Lunar Orbiter ass den Numm vu fënnef US-amerikanesche Moundsonden, déi tëscht 1966 an 1968 als Orbiter den Äerdmound an enger noer Moundëmlafbunn ëmkreest hunn, fir en ze vermoossen an d'Schwéierfeld z'analyséieren.

Déi fënnef Raumsonden déi vun der NASA vum 10. August 1966 un, an Ofstänn vun 88 bis 90 Deeg gestart goufen, waren all erfollegräich, nëmmen den drëtten Orbiter hat kleng Ausfäll. D'Fotoen an d'Moossdate waren d'Grondlag fir e geneeë Moundatlas, deen 1968 gemaach gouf an och d'Moundrécksäit erfaasst huet.

Missioun[änneren | Quelltext änneren]

D'Haaptaufgab vum Lunar Orbiter war fir d'Uewerfläch vum Äerdmound fotografesch genee ze kartéieren. Mat Hëllef vu Biller sollten da Landeplaze fir déi bemannt Moundlandunge vun den Apollo-Raumflich erausgesicht ginn. Weider goufen éischt selenodesesch Versich gemaach, fir den Äerdmound (griich. Selene) a säi Schwéierfeld auszemoossen. Och de bannenzegen Opbau vum Äerdtrabant an déi sougenannt Masconen ënner der Moundkuuscht waren e Fuerschungsthema.

D'Lunar-Orbiter-Missiounen 1 bis 5 waren d'Fortsetzung vun de Ranger-Exploratiounen 1964/65 vun dräi Moundregiounen (17.000 Fotoe vu Ranger 7 bis 9, dorënner extreem no Fotoe virum Opschlag um Mound). Si waren ongeféier gläichzäiteg mat de Surveyor-Missiounen 1 bis 7 an hire mëlle Landungen. Éischt Rakéitentester fir d'Erreeche vu Moundëmlafbunne waren 1960 mat zwou Pioneer-Sonden an 1964 am Ranger-Programm.

D'Sonde goufen mat enger zweestufeger Atlas-Agena-D-Rakéit gestart a sinn an eng staark elliptesch Ëmlafbunn ëm de Mound eragedréint, där hire Periselen (moundnooste Punkt) ronn 200 Kilometer iwwer der Uewerfläch louch. Par rapport zur lunarer Kreesbunnvitess waren d'Bunnvitessen ëm e puer Prozent méi lues.

D'Lunar Orbiter 1 bis 3 haten Ëmlafbunne mat niddrege Bunnschréien, déi nëmmen iwwer Gebidder an der Géigend vum Equator gefouert hunn. D'Lunar Orbiter 4 a 5 goufen dogéint op polar Ëmlafbunne bruecht, déi eng Kartéierung vun der kompletter Mounduewerfläch erlaabt hunn.

Technesch Ausrëschtung[änneren | Quelltext änneren]

D'Sonden haten eng Héicht vun 1,68 Meter an eng Breet vu 5,65 Meter, gemooss iwwer d'ausgebreeten Antennen. D'Startmass je no Orbiter tëscht 386 an 391 Kilogramm gependelt. Dat méi dacks gezünnte Bunnkorrekturdreifwierk huet mat Aerozin 50 a Stéckstofftetroxid geschafft an hat e Schub vu ronn 450 Newton geliwwert.

Et goufen zwou Kamerae mat engem Wäitwénkel- resp. engem Teleobjektiv benotzt. Fotoe goufe puerweis niewenenee gemaach, woubäi de Billerausschnëtt vum Teleobjektiv ëmmer am Zentrum vun der Wäitwénkelfoto louch. Wärend der Beliichtung gouf de Film beweegt, fir d'Vitess vum Raumgefier auszegläichen. Als Film gouf onperforéierte 70-mm-Film vum Typ Kodak Special High Definition Aerial Film (SO-368) benotzt, vun deem 79 Meter matgefouert goufen. Dëse Film gouf automatesch duerch Kontakt mam sougenannte Kodak-Bimat-Film entwéckelt a fixéiert. No Ofschloss vun de Fotoe konnt de Negativfilm dann vum Enn bis zum Ufank elektronesch ofgetascht an op d'Aerd gefunkt ginn. Dozou huet e Liichtstraal mat engem Duerchmiesser vun 0,005 mm de Film a Quersträife (framelets) vun 2,68 mm Breet mat 17.000 Zeilen ofgescannt. Dono gouf de Film ëm 2,54 mm weidertransportéiert an déi nächst Sträif gescannt. De Scan vun engem kompletten Bildpuer hat 43 Minutte gebraucht.

Op der Äerd goufen déi empfaange Bildsignaler op Datebänner gespäichert a jiddwer Sträif gouf vun engem Kathodestraalrouer op 35-mm-Film beliicht, aus deem een duerch Uneneeleeën Replike vun der ufänglecher Foto maache konnt. Doduerch erkläre sech d'Sträifen op de Lunar-Orbiter-Fotoen.

Verlaf vun de fënnef Missiounen[änneren | Quelltext änneren]

Start vu Lunar Orbiter 4
  • Lunar Orbiter 1 war den 10. August 1966 gestart, koum no véier Deeg an e Moundorbit. Vum 26. Moundëmlaf dem 18. August hat en ugefaangen, Fotoen ze maachen an hat déi bis zum Ofstuerz, dem 29. Oktober 1966 iwwermëttelt. Am Ganzen 229 Biller. (Startmass: 386 kg, Bunnschréi: 12,14°)
  • Lunar Orbiter 2 war de 6. November 1966 gestart, koum no véier Deeg op eng Moundëmlafbunn an huet bis zum Opschlag den 11. Oktober 1967 817 Fotoen. (Startmass: 391 kg, Bunnschréi: 11,97°)
  • Lunar Orbiter 3 war de 5. Februar 1967 gestart, a koum dräi Deeg méi spéit an de Moundorbit an hat bis zum Ofstuerz den 10. Oktober 1967 626 Biller iwwermëttelt. Wéinst e puer Feelfunktioune gëllt de Lunar Orbiter 3 als net ganz sou erfollegräich. (Startmass: 386 kg, Bunnschréi: 21,00°)
  • Lunar Orbiter 4 war de 4. Mee 1967 gestart a war véier Deeg méi spéit um Moundorbit. D'Ëmlafbunn war am Géigesaz zu de fréiere Missioune méi héich a bal polar. D'Sond hat 546 Biller bis zum Ofstuerz den 31. Oktober 1967 gemaach. Doduerch gouf d'Viischt Moundsäit bal komplett an d'Récksäit zu ronn 3/4 erfaasst. (Startmass: 390 kg, Bunnschréi: 88,80°)
  • Lunar Orbiter 5 gouf den 1. August 1967 gestart a war de 4. August och an eng polar, mä méi staark elliptesch Moundëmlafbunn ageschwenkt, déi méi no un d'Uewerfläch erugefouert hat. Vum 6. August 1967 un, goufen 844 Biller iwwerdroen, ë. a. vun der nach net ganz erfaasstener Moundrécksäit. De Lunar Orbiter 5 war den 31. Januar 1968 op de Mound stierze gelooss ginn. (Startmass: 390 kg, Bunnschréi: 85,00°)

Resultater[änneren | Quelltext änneren]

Digital restauréiert Usiicht vun der opgoender Äerd, vu Lunar Orbiter 1 opgeholl den 23. August 1966.

D'Lunar-Orbiter-Sonden hunn de Mound mat enger Genauegkeet vu 60 Meter kartéiert. De Moundatlas deen draus entstanen ass gehéiert bis haut zum Standard vun der Moundfuerschung. Déi potentiell Apollo-Landeplaze goufe ganz besonnesch gutt fotograféiert, mat Opléisunge bis zu 2 Meter. Besonnesch d'Schifusiichten mat Teleoptik gehéieren zu den interessante Fotoe vun hirer Zäit. Virun allem d'Bild (vum 23. August 1966) vun der Äerd déi iwwer der Mounduewerfläch opgeet, goung an d'Geschicht an. Lunar Orbiter war och den éischten US-Sondeprogramm, bei deem et kee gravéierende Feelschlag gouf.

Am Nieweprogramm war d'Beschafe vu prezise Bunndate fir d'Analys vum lunare Gravitatiounsfeld erfollegräich. Mat deenen Date konnte fir d'éischt Masconen nogewise ginn.

Grad sou gouf och d'Tatsaach vum exzentresche Masseschwéierpunkt vum Äerdmound als d'Ursaach vu senger gebonnener Rotatioun, aus Bunnstéierunge vu Moundsatellitten ofgeleet. D'Fotoe vun der Mounduewerfläch goufe gebraucht, fir de Raumsonden hir Bunnen iwwer der – vun der Äerd onsiichtbarer – Récksäit op d'Manéier vun engem fotografesche Réckwäertsschnëtt ze berechnen. Weider gouf och Erfarung iwwer d'Raumfluchnavigatioun ronderëm de Mound gesammelt.

Digitaliséierung[änneren | Quelltext änneren]

Am Ament ginn all 1.500 Datebänner vun de fënnef Lunar Orbiter-Missiounen am Kader vum Lunar Orbiter Image Recovery Project (LOIRP) digitaliséiert. Leeter vum Projet ass den Dennis Wingo, deen e klengt Team vun Ingenieure leet. Déi héich Opléisung an Detailléiertheet vun den nees hiergestallte Fotoen iwwertreffe bis haut (Stand 2010) all aner Biller, déi et vum Mound gëtt. Duerch dës héich Qualitéit vun den nees hiergestallte Fotoe wäert et elo méiglech sinn, e Vergläich mat anere Fotoe vum Mound– vläicht deenen, déi de Lunar Reconnaissance Orbiter zanter 2009 opgeholl huet – duerchzeuféieren souwéi Verännerungen op der Mounduewerfläch (z. B. duerch tëschenzäitlech Meteoritenaschléi) dokumentéieren ze kënnen. D'US-Raumfaartagentur finanzéiert de gréissten Deel vun der LOIRP-Fuerschung. Si stellt och d'Gebai, an deem d'Team schafft: E fréiere McDonald's-Restaurant um Terrain vum NASA Ames Research Center zu Mountain View, dat dowéinst humoristesch McMoon's genannt gëtt.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Marcus Tuner: Auf der Suche nach dem Landeplatz. Kosmos/Franckh, Stuttgart 1967.
  • L. J. Kosofsky u. a.: The moon as viewed by lunar orbiter. Washington 1970. (online @ NASA ADS, gekuckt de 26. Mäerz 2011)

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Lunar Orbiter – Biller, Videoen oder Audiodateien