Lunar Orbiter 2
Lunar Orbiter 2 | |
---|---|
Typ | Moundsond |
Land | USA |
Agentur | NASA |
Start | 6. November 1966, 23:21:00 UTC |
Startplaz | Cape Canaveral LC-13 |
Drorakéit | Atlas-Agena D |
Enn vun der Missioun | 11. Oktober 1967 |
De Lunar Orbiter 2 war déi zweet vu fënnef Moundsonde vum Lunar-Orbiter-Programm vun der US-amerikanescher Weltraumorganisatioun NASA. Mat dem Lunar Orbiter-Programm sollt den Äerdmound fotografesch erfaasst a kartographéiert ginn, fir sou Landeplaze fir d'Moundsonde vum Surveyor-Programm souwéi fir bemannt Moundlandungen ze fannen.
Missioun
[änneren | Quelltext änneren]De Lunar Orbiter 2 war de 6. November 1966 u Bord vun enger Atlas-Agena D gestart. Nom Erreeche vun der Parkbunn gouf d'Sond duerch d'Zünde vun den Dreifwierker op eng Bunn an Direktioun Mound bruecht. Deen hat si 92,5 Stonnen nom Start erreecht a war an eng staark elliptesch Bunn vun ongeféier 196-mol 1,850 km ageschwenkt. Si war 12° géint d'Ekliptik gebéit. Well déi meescht Landeplaze vun den nächste Sonden an Equatorgéigend geplangt waren, war eng staark Schréi net néideg.
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Lunar Orbiter Programm – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- (en) NASA: Lunar Orbiter 2
- Bernd Leitenberger: Lunar Orbiter