Agena

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen

D'Agena war eng multiplex agesaten US-amerikanesch Uewerstuf fir Raumfaart-Drorakéiten. Hir Entwécklung berout op der no den éischte Satellittestarten Enn vun de 1950er Joeren gewonnenen Erkenntnes, datt fir erfollegräich Notzung vun engem Satellit (z. B. fir Opklärung) genee definéiert Umlaufbahnen notwendig sind. Diese ließen sich durch die bisher verwendeten einmalig zündbaren Feststoffrakéitestufen net realiséieren.

Entwécklungsgeschicht[änneren | Quelltext änneren]

Vun 1955 un gouf dem Militär kloer, datt eng wiesentlech Uwendung vun der Satellitten-Technik an der Opklärung vum friemen Territorium bestoe géif. Dozou gouf d'Programm WS 117L (WS fir Weapons System) gegrënnt. Kär war e Foto-Opklärungssatellit, deem seng Fotoe op Filmer a Kapselen zréck op d' Äerd gefouert solle ginn (Keyhole-CORONA). Fir Zréckkommen hat een sech virgestallt, déi um Fallschierm hänkend Kapselen vu Fliger faangen ze loossen, fir méiglechst wéineg "Feindverloscht-Risiko" zouzeloossen. Viraussetzung war e Satellit, deen an der Ëmlafbunn manövréiere konnt (also en neizündbart Dreifwierk an eng Lagreegelung huet). Am Oktober 1956 bekoum d'Firma Lockheed de Vertrag, well si op (zu deem Zäitpunkt schon agestellte) Entwécklungen zu engem steierbaren Rakéitengeschoss fir Nuklearsprengkäpp vum Bomber B-58 Hustler zréckgräife konnt. D'US Air Force bezeechent dëse Fluchkierper als RM-81 Agena. D'Satellitten goufen als Discoverer bekannt. Als Dreifstoff gouf déi lagerfäeg Kombinatioun Salpetersäier/UDMH ausgewielt. D'Eegenheet vun der Agena-Uewerstuf war, datt si an de meeschte Fäll mat der eigentlecher Notzlaascht zesummeblouf. Nëmmen Deeler goufen no längerem kollektivem Fluch fir de Retour oder als Raumsond ofgetrennt.

Agena A[änneren | Quelltext änneren]

Agena A mat Discoverer-Notzlaascht

Déi éischt Agenas hunn Dreifwierker vum Typ Bell XLR81-BA-3 (Modell 8001) benotzt, déi meescht awer den Typ XLR-81-BA-5 (Modell 8048) mat zirka 69 kN (15 500 lb) Schub fir eng Brenndauer vun 120 s. D'Dreifwierk hat kardanesch opgehangen Düsen fir d'Nick- an Gier-Steierung. D'Thor-Agena A hat déi éischt optesch CORONA-Opklärungssatellitten vun der Discoverer-Serie (KH-1 für Keyhole gestart, op lëtzebuergesch Schlëssellach). D'Kombinatioun Atlas-Agena A gouf fir d'Midas (Missile Detection and Surveillance) Fréiwarnsystem virun Rakéitestarten an d'Samos (Satellite and Missile Observation System) genannten ELINT-System fir elektronesch Iwwerwaachung genotzt.

Agena B[änneren | Quelltext änneren]

D'Agena B hat duerch d'Verlängerung vun den Tanken an de Gebrauch vun Dreifwierken vum Typ Bell XLR-81-BA-7 (Modell 8081) eng Weiderentwécklung vun der Agena A duergestallt. Dës Dreifwierker waren am Vakuum nei zündfäeg, haten zirka 71 kN (16000 lb) Schub, an d'Gesamtbrennzäit hat sech verduebelt op 240 s. Spéider Varianten benotzten d'Dreifwierk Bell XLR-81-BA-9 (Modell 8096). D'Thor-Agena B gouf nees fir Satellitten vun der Keyhole-Serie (KH-2/3/4/5) an deelweis fir d'Samos-Programm agesat. D'Atlas-Agena B fir Midas an Samos. Och d'Ranger-Mound- a Raumsonden goufen mat hir gestart.

Agena C[änneren | Quelltext änneren]

Virgesinne Weiderentwécklung mat nach eng Kéier verduebelter Tankkapazitéit – gouf net realiséiert

Agena D[änneren | Quelltext änneren]

Agena D als GATV-Zilsatellit Gemini 10
KH-4B Corona-Satellit mat integréierter Agena D

Während d'Agena A an B fir all Missioun speziell ugepasst gouf, gouf mat der Agena D op der Basis vun der Agena B eng éischt standardiséiert Plattform fir Notzlaaschten souwuel fir Thor-, Atlas- an och Titan-Rakéiten geschafft. D'Notzlaascht hat eng Plaz am Nuesekonus fonnt, oder blouf, wéi am Fall vun den Keyhole-Satelliten, fest mat der Agena verbonnen. Ausserdeem konnten um Heck vun der Stuf kleng Sekundärnotzlaaschten ugemaach ginn. Zu de Notzlaaschten gehéierten ë. a. d'Mariner-Planéitesonden, awer och d'Gemini Agena Target Vehicles, Zilsatellitten fir Kopplungsexperimenter am Kader vum Gemini-Programm. D'Méizuel vun de Notzlaaschten war awer militäresch. Mat den Thor-Varianten goufen d'Satellitten vun den opteschen CORONA-Opklärungssatellitten (KH-4/4A/4B), ARGON (KH-5) an LANYARD (KH-6) gestart. D'Atlas (LV-3A/SLV-3) hunn déi optesch GAMBIT (KH-7), d'Atlas SLV-3A d'CANYON/RHYOLITE/AQUACADE-Satellitten zu der elektronescher Opklärung (ELINT/SIGINT) an geostationär Ëmlafbunnen gestart. Mat den Titan 3B/23B/24B gouf dat optescht Opklärungsprogramm GAMBIT (KH-8) fortgesat. Déi gréisser Titan 33B/34B goufen nees fir d'SIGINT-JUMPSEAT-Satellitten benotzt.

Technesch Daten[änneren | Quelltext änneren]

Typ Agena A Agena B Agena D
Längt 5,94 m 7,56 m 7,09 m
Duerchmiesser 1,52 m
Mass 3850 kg 7167 kg 6821 kg
Eidel-Mass 885 kg 867 kg 673 kg
Dreifstoffgewiicht 2945 kg 6115 kg
Undriff Bell 8001/8048 (XLR81-BA-3/5)
68,9 kN fir 120 s
Bell 8081 (XLR81-BA-7)
71,1 kN fir 240 s
Bell 8096 (XLR81-BA-9)
71,1 kN fir 240 s

Startlëscht vun der Agena-Stuf[änneren | Quelltext änneren]

Rakéitentyp Zuel vun de Starten Éischte Start Leschten Asaz
Thor(SLV-2)+Agena A 16 21.01.1959 13.09.1960
Atlas(LV-3A)+Agena A 4 26.02.1960 31.01.1961
Rotal Agena A 20
Thor(SLV-2)+Agena B 44 26.10.1960 28.08.1964
Thrust-Augmented Thor
(SLV-2A/C)+Agena B
3 29.06.1963 15.05.1966
Atlas(LV-3A)+Agena B 28 12.07.1961 21.03.1965
Atlas(SLV-3)+Agena B 1 09.06.1966
Total Agena B 76
Thor(SLV-2)+Agena D 22 28.06.1962 31.05.1967
Thrust-Augmented Thor
(SLV-2A/C)+Agena D
60 28.02.1963 17.01.1968
Long-Tank Thrust-Augmented Thor
(SLV-2G/H)+Agena D
22 09.08.1966 16.07.1971
Thorad (SLV-2G/H)+Agena D 21 18.05.1968 25.05.1972
Atlas (LV-3A)+Agena D 15 14.08.1964 05.11.1967
Atlas (SLV-3)+Agena D 48 14.08.1964 05.11.1967
Atlas (SLV-3A)+Agena D 12 04.03.1968 07.04.1978
Atlas F+Agena D 1 27.07.1978
Titan IIIB (SLV-5B) 29 29.07.1966 23.10.1970
Titan 23B 2 21.01.1971 22.04.1971
Titan 33B 3 21.03.1971 21.08.1973
Titan 24B 23 12.08.1971 21.08.1973
Titan 34B 11 10.03.1975 12.02.1987
Total Agena D 269

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]