Surveyor-Programm

Vu Wikipedia
Surveyor-Modell

De Surveyor (englesch fir ë. a. Geometer) ass den Numm vun enger Serie vun US-amerikanesche Raumsonde vun der NASA, déi tëscht 1966 an 1968 um Äerdmound gelant sinn.

Missioun[änneren | Quelltext änneren]

De Surveyor-Programm gouf als Nofollger vun de Ranger-Moundsonden opgebaut. Säin Zil war d'Anübe vu mëlle Landungen op der Mounduewerfläch, e ganz wichtegen Aspekt bei der Virbereedung vun der bemannter Moundlandung. Geneesou gouf d'Méiglechkeet fir , Kurskorrektiounen ze maachen, an d'Uewerfläch vum Mound ë. a. mat Schëppen ënnersicht, fir d'Déckt vun der méiglecher Stëbsschicht bestëmmen ze kënnen. D'Landeplaze goufen no méiglechen Apollo-Landeplazen, awer och no geologeschen Aspekter erausgesicht. Fir d'Opprallkräfte bei der Landung moossen ze kënnen, goufen Deenmoosssträifen agesat, ouni virdrun ze wëssen, wéi sech de Vakuum op d'Moossresultat auswierke géif. De Programm hat 580 Milliounen US-Dollar kascht.

D'Surveyor-Sonde goufe vun der Hughes Aircraft Company gebaut a mat Atlas-Centaur-Rakéite vum Launch Complex 36 um Kennedy Space Center gestart. Jiddwer Sond huet ongeféier 1.000 kg gewien a war mat Héichleeschtungskameraen an en ettlechen Detekteren an Instrumenter ausgerëscht.

Verlaf[änneren | Quelltext änneren]

  • Tëscht Dezember 1964 an Oktober 1966 goufen am Ganze fënnef Testflich mat Sonden-Attrappe gemaach. Déi Flich waren Tester mat der Atlas-Centaur-Drorakéit an dem Fluchprofil fir den Aschoss an eng Transferbunn fir op de Mound.
  • D'Surveyor 1 war den 30. Mee 1966 gestart a war dräi Deeg méi spéit am Oceanus Procellarum gelant. D'Sond hat bis de 14. Juli 1966 am Ganzen ronn sechs Wochen op der Mounduewerfläch geschafft an hat 11.200 Biller iwwerdroen. De Surveyor 1 war déi éischt mëll Landung vun enger US-amerikanescher Sond um Mound. Allerdéngs war d'UdSSR méi séier wéi d'Amerikaner a ware scho mat der Luna 9 den 3. Februar 1966 mëll um Mound gelant.
  • D'Surveyor 2 war den 20. September 1966 gestart, konnt awer zwéin Deeg méi spéit net mëll landen, a war haart beim Krater Gambart C an der Géigend vum Kopernikus opgeschloen a gouf dobäi zerstéiert.
  • D'Raumsond Surveyor 3 bei den Ënnersich duerch d'Astronaute vun der Apollo-12-Missioun
    D'Surveyor 3 war de 17. Abrëll 1967 gestart. Dräi Deeg méi spéit war d'Sond erfollegräich am Oceanus Procellarum gelant a blouf bis de 4. Mee 1967 aktiv. Si hat 6.300 Biller gesent an hat e Buerexperiment gemaach. Wärend der Moundlandung vun Apollo 12 am November 1969 gouf d'Surveyor 3 als Ufluchzil ausgewielt. Deeler vun der Sond, besonnesch hir Kamera, goufe vun den Astronauten Charles Conrad an Alan Bean demontéiert an zeréck op d'Äerd bruecht. Bei uschléissenden Ënnersich vun den Deeler konnt de Mikrobiolog Frederick Mitchell feststellen, datt an der Isoléierung vun der Kamera gedréchent Bakteerien (Streptococcus mitus) mat op de Mound gereest waren. Et gëtt ugeholl, datt si vun engem erkalte Monteur hannerlooss goufen. D'Bakteerie konnten am Brutschaf nees keimen a gëllen als Hiwäis fir méiglech Iwwerliewensfäegkeet am Weltraum. D'Kamera steet haut am National Air and Space Museum.
  • D'Surveyor 4 war de 14. Juli 1967 gestart, awer d'Sond hat keng mëll Landung a war dräi Deeg méi spéit am Sinus Medii haart opgeschloen.
  • D'Surveyor 5 war den 8. September 1967 gestart. Si war dräi Deeg méi spéit am Mare Tranquillitatis („Mier vun der Rou“) gelant an hat bis de 17. Dezember 1967 19.000 Biller, an Daten op d'Äerd geschéckt an hat eng Buedemanalys gemaach.
  • D'Surveyor 6 war de 7. November 1967 gestart, a war dräi Deeg méi spéit am Sinus Medii gelant an huet bis de 14. Dezember 1967 geschafft. D'Sond hat 15.000 Biller a vill Daten iwwermëttelt. De 17. November 1967 gouf d'Dreifwierk vun der Sond op en Neits gestart an d'Sond huet dunn 2,5 m ewech nees opgesat.
  • D'Surveyor 7 war de 7. Januar 1968 gestart an dräi Deeg méi spéit no beim Krater Tycho gelant. D'Sond hat bis den 21. Februar 1968 21.000 Biller op d'Äerd geschéckt.

Resultat[änneren | Quelltext änneren]

De Surveyor-Programm war ganz erfollegräich mat fënnef Moundlandungen (Erfollegquot: 71 %). D'Sonden haten de Moundbuedem analyséiert, haten d'Uewerfläch fotograféiert an haten domat déi bemannt Moundlandunge preparéiert. Am Mäerz 2010 hat d'Moundsond Lunar Reconnaissance Orbiter ë. a. Fotoe vun der Surveyor 5 op d'Äerd geschéckt.[1]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Surveyor 5 nasa.gov, Lunar Reconnaissance Orbiter, 22.März 2010 (Zougrëff= 29.Mäerz 2010)