Surveyor 7

Vu Wikipedia
Surveyor 7
Opbau vun enger Surveyor-Sond
Typ Moundsond
Land USA
Agentur NASA
Missiounszil Virbereedung fir bemannt Moundlandungen
Start 7. Januar 1968, 06:30 UTC
Startplaz CCAFS LC-36
Drorakéit Atlas-Centaur AC-10/290D
Enn vun der Missioun 21. Februar 1968

De Surveyor 7 war déi siwent a lescht Moundsond vun der US-amerikanescher Raumfaartagentur NASA am Kader vum Surveyor-Programm. De Surveyor-Programm war den Nofollger vum Ranger-Programm. D'Resultater vum Programm sollten déi éischt bemannt Moundlandung virbereeden. De Surveyor 7 sollt onbeschiedegt um Äerdmound landen a vun do Biller an Donnéeën op d'Äerd schécken. Si hat wéi d'Surveyor 5 an d'Surveyor 6 en Alphapartikel-Röntgenspektrometer an nach aner Instrumenter u Bord. De Surveyor 7 war déi fënneft US-amerikanesch Sond, déi mëll um Äerdmound gelant ass an Donnéeën a Biller op d'Äerd geschéckt huet.

Missioun[änneren | Quelltext änneren]

Auswierkunge vum Ofgasstral op der Mounduewerfläch

De Surveyor 7 war de 7. Januar 1968 u Bord vun enger Atlas-Centaur-Rakéit vun der Startramp LC-36 vun der Cape Canaveral Air Force Station gestart. Eng Kursännerung de 7. Januar war problemlos verlaf. Den 9. Januar war de Surveyor 7 ongeféier 40 Kilometer nërdlech vum Krater Tycho gelant. Am Géigesaz zu den anere Moundsonden, déi scho geflunn waren, an all an der Géigend vum Moundequator gelant waren, hat een sech bei dëser Missioun fir eng Landung méi wäit südlech entschloss. Doduerch sollten och Donnéeën iwwer aner Moundregiounen gesammelt ginn. Den éischte Mounddag hat d'Sond 20.993 Biller iwwermëttelt, vun deenen e puer mat Hëllef vun engem Polarisatiounsfilter gemaach goufen. Mam Asaz vun de Filtere goufe Mineraler iwwer de Refraktiounssindex erkannt. De Spektrometer hat ronn 33 Stonne laang Donnéeë vun ënnerschiddleche Punkte gesammelt. Eng Reaktivéierung um zweete Mounddag war uni Problemer an de Surveyor 7 hat weider Infoen op d'Äerd geschéckt. Den 21. Februar hunn d'Funksignaler opgehalen. D'Sond hat am Ganzen 21.038 Biller verschéckt.

D'Missioun war en Erfolleg.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Surveyor-Programm – Biller, Videoen oder Audiodateien