Surveyor 5

Vu Wikipedia
Surveyor 5
De Start vun der Surveyor 5
Typ Moundsond
Land USA
Agentur NASA
Missiounszil Virbereedung fir bemannt Moundlandungen
Start 8. September 1967, 07:57 UTC
Startplaz CCAFS LC-36
Drorakéit Atlas-Centaur AC-10/290D
Enn vun der Missioun 17. Dezember 1967

De Surveyor 5 war déi fënneft Moundsond vun der US-amerikanescher Raumfaartagentur NASA am Kader vum Surveyor-Programm. De Surveyor-Programm war den Nofollger vum Ranger-Programm. D'Resultater vum Programm sollten déi éischt bemannt Moundlandung virbereeden. Surveyor 5 sollt onbeschiedegt um Äerdmound landen a vun do Biller an Donnéeë op d'Äerd iwwermëttelen. Si war anescht wéi d'Virgänger-Sonden an hat en Alphapartikel-Röntgenspektrometer a méi Instrumenter u Bord. D'Surveyor 5 war déi drëtt US-amerikanesch Sond, déi mëll um Äerdmound gelant war an Donnéeë a Biller op d'Äerd geschéckt hat. Si war déi éischt Sond, déi Analyse vun der Uewerfläch geholl hat an op d'Äerd gesent hat.

Missioun[änneren | Quelltext änneren]

Ënnersich vun der Mounduewerfläch

De Surveyor 5 war den 8. September 1967 u Bord vun enger Atlas-Centaur-Rakéit vun der Startramp LC-36 vun der Cape Canaveral Air Force Station gestart. Eng Kurskorrektur vm 9. September war reiwungslos verlaf. Duerch Problemer mat dem Heliumdrock an den Dreifstofftanken gouf d'Ofbremsphas eréischt bei enger Héicht vun 1.300 Meter an enger Vitess vun 30 m/s, amplaz vun der geplangtener Héicht vun 10.700 Meter an enger Vitess von zirka 135 m/s ageleet. Den 11. September 1967 war de Surveyor 5 um 00:46 Auer UTC trotz de Feelfunktioune mëll am Mare Tranquillitatis op enger Fläch mat engem Gefäll vun 20 Grad gelant. Si hat hiren Zilpunkt ëm 29 Kilometer verfeelt. Schonn den éischte Mounddag hat si 18.006 Biller, an den Alphastralespektrometer hat fir d'éischt Analyse vun engem ausserierdesche Kierper iwwermëttelt.

Den 13. September goufen d'Vernier-Dreifwierker fir kuerz Zäit mat engem klenge Schub gezünt. D'Sond hat net ofgehuewen. Duerch dës Zündung sollt d'Verhale vun der Mounduewerfläch ënnersicht ginn. An den nächste Mounddeeg hat Surveyor 5 weider Biller an Donnéeë vum Alphastralen-Spektrometer iwwermëttelt an hat och de Baggerarm agesat. D'Auswäertungen haten erginn, datt d'Mounduewerfläch änlech opgebaut ass wéi ierdesche Basalt: 53 % bis 63 % Sauerstoff, 15,5 % bis 21,5 % Silicium, 10 % bis 16 % Schwiefel, Eisen, Kobalt an Néckel, 4,5 % bis 8,5 % Aluminium a kleng Deeler vu Magnesium, Kuelestoff an Natrium.

De 17. Dezember 1967 war de Funkkontakt mat der Sond ofgebrach. Biller goufen um éischten, zweeten a véierte Mounddag iwwerdroen. Am Ganzen hat d'Sond 19.118 Biller op d'Äerd geschéckt.

D'Missioun war en Erfolleg.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Surveyor-Programm – Biller, Videoen oder Audiodateien