Oceanus Procellarum

Vu Wikipedia
Den Oceanus Procellarum ass déi donkelgro Moundregioun vun der Mëtt bis uewe lénks. Uewe grenzt s'un d'Mare Frigoris, uewe riets un dat grousst Mare Imbrium, ënnen riets un d'Mare Nubium an am Süden und dat ronnt Mare Humorum.
De Vollmound mat dem groussen Oceanus Procellarum. An der Ellipsemëtt a riets déi hell Stralekratere Kepler a Kopernikus.

Den Oceanus Procellarum (latäin: Stiermeschen Ozean) ass eng ganz grouss, onreegelméisseg Marefläch am westlechen Deel vun der äerdzougedréiter Säit vum Äerdmound. Den Numm huet hie vu fréiere Suppositiounen, datt säin Ausgesi mat dem schlechten Wieder ze dinn hätt.

Den Oceanus Procellarum ass mat 2.500 km Ausdeenung an Nord-Süd-Richtung an enger Fläch vu méi wéi 400.000 km² dat gréisst „Moundmier“. Wéi all d'Maria gouf hie vu vulkaneschen Aktivitéite gebilt, bei deene Lava a basaltescht Magma d'Gebitt mat enger décker, bal flaacher Decken iwwerzunn huet. Anescht wéi déi meescht Maria, ass et awer net duerch en Aschlag entstanen, mä duerch iwwerfléissend Magma aus anere Regiounen, wourop déi onreegelméisseg Begrenzung hindeit. D'Moundkuuscht ënner der Basaltcouche formt doduerch keen Aschlagbecken, mä ass relativ flaach an ouni Mascon.

Op senger ëstlecher Hallschent leie vill kleng „Mierer“ a „Buchten“. Am Nordosten ass den Oceanus Procellarum vum grousse Mare Imbrium nëmmen duerch e flaachen Iwwergank an de „Moundkarpate“ getrennt, am Südoste vum Mare Nubium duerch d'Montes Riphaeus. Am Süde grenzt en un d'Héichland beim Mare Humorum, am Südwesten un d'Aschlagbecke Grimaldi. Déi opfällegst Strukturen am Oceanus sinn, besonnesch bei Vollmound, d'Kratere Copernicus, Kepler an Aristarchus, déi vum Stralesystem ëmgi sinn. (kuckt d'Bild lénks).

Déi onbemannt Moundsonde Surveyor 1 an 3 souwéi Luna 9 an 13 sinn am Oceanus Procellarum gelant, geneesou wéi déi bemannt Apollo-12-Missioun.

Kuckt och[Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]