Aristarchus (Moundkrater)

Vu Wikipedia
Aristarchus
Koordinaten 23°43'48"N, 47°29'24"W
Duerchmiesser 40 km
Déift 3.150 m
Selenographesch Längt 48° bei Sonnenopgank
Genannt no Aristarchos vu Samos
Genannt am Joer 1935
Moundvéiereck LQ10
Aristarchus an Herodotus, fotograféiert vun Apollo 15.
NASA-Foto vum Aristarchus

Den Aristarchus ass e Moundkrater am Nordweste vun der äerdzougedréiter Äerdmoundsäit. Mat enger am Verglach zu der reschtlecher Mounduewerfläch bal duebel sou héijer Albedo gëtt dëse Krater als déi hellst vun de grousse Formatioune ugesinn. De Krater ass hell genuch, fir mat bloussem A gesinn ze ginn, an erschéngt a groussen Teleskope ganz hell. E kann och dann nach liicht erkannt ginn, wann d'Mounduewerfläch gréisstendeels nëmmen duerch den Äerdschäin beliicht gëtt.

De Krater läit bei 23,7° N, 47,4° W um südëstleche Rand vum Aristarchus-Plateau. De Plateau ass bekannt fir vulkanesch Evenementer wéi Rillestrukturen, vill Observatioune vu Liichtreflexiounen, an duerch Radon-Emissiounen, déi vun der Sond Lunar Prospector gemooss goufen.

An nordëstlecher Richtung vum Krater aus verlafen en ettlech Moundrillen, d'Rimae Aristarchus, deels a Richtung op den Aristarchus C, deels eppes méi wäit ewech nordwestlech vum Krater Prinz, an hale westlech vum Krieger C op.

Den italieenesche Kartograph Giovanni Riccioli hat de Krater nom Aristarchos vu Samos genannt. A sengem 1651 publizéierte Wierk Almagestum novum hat hien deene méi spéit als Krater bezeechente Strukturen um Mound, d'Nimm vu bekannten Astronomen a Philosophe ginn (Eponym). Obwuel scho wäitleefeg am Gebrauch, gouf den Numm eréischt 1935 bei enger Ofstëmmung vun der IAU als offiziellen internationale Standard agedroen.

Lëscht vun den Niewekrateren vum Aristarchus
Buschtaf/Numm Positioun Duerchmiesser Link
B 26,28° N, 46,85° W7 7 km [1]
D 23,72° N, 42,88° W7 5 km [2]
F 21,66° N, 46,57° W7 18 km [3]
H 22,6° N, 45,73° W7 4 km [4]
N 22,82° N, 43,03° W7 3 km [5]
S 19,28° N, 46,28° W7 4 km [6]
T 19,66° N, 46,5° W7 3 km [7]
U 19,72° N, 48,64° W7 3 km [8]
Z 25,49° N, 48,49° W7 8 km [9]

Kuckt och[Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]