Arago (Moundkrater)

Vu Wikipedia
Arago
Koordinaten 6°9'0"N, 21°25'48"O
Duerchmiesser 25,5 km
Déift 2.680 m
Selenographesch Längt 358° bei Sonnenopgank
Genannt no François Arago
Genannt am Joer 1935
Moundvéiereck LQ12

Den Arago ass en Aschlagkrater um westlechen Deel vum Mare Tranquillitatis. Hie läit nordëstlech vum Manners-Krater a westlech vun deem vum Mare iwwerdeckte Krater Lamont. Am Südwesten ass d'Kraterkoppel Ritter a Sabine ze gesinn.

De Kraterrand huet op der Westsäit eng Bëls. A sengem Zentrum leeft en zentralen Hiwwel a Richtung Norden. D'Ëmfeld vun der Mareuewerfläch ass virun allem op der Ost- a Südost-Säit duerch Hiwwelkette gezeechent.

Am Norden ass eng grouss Lavakuppel, déi Arago Alpha (α) genannt gëtt. Eng zweet Kuppel, Arago Beta (β), mat bal der selwechter Gréisst ass op der selwechter Distanz op der Westsäit.

Niewekrateren[änneren | Quelltext änneren]

Arago Breetegrad Längtegrad Duerchmiesser
B 3,41° N 20,8° O 6,9 km
C 3,88° N 21,47° O 3,03 km
D 6,91° N 22,39° O 3,95 km
E 8,5° N 22,7° O 6,28 km
Den Arago (Mëtt uewen) an d'Ëmgéigend (Foto vum LROC-WAC)

Kuckt och[Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Arago – Biller, Videoen oder Audiodateien