Manners (Moundkrater)

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen
Manners (Moundkrater)
De Moundkrater Manners a seng Ëmgéigend. (Foto, opgeholl vum LROC-WAC)
Eegenschaften
Breet 4,56° N
Längt 19,99° O
Duerchmiesser 14,68 km
Déift 1720 m[1]
Selenographesch Längt 340° bei Sonnenopgank
Genannt nom Russell Henry Manners
(1800–1870)
Krut säin Numm am Joer 1935

De Manners ass e ronnen, schosselfërmegen Aschlagkrater um westlechen Deel vum Mare Tranquillitatis um Äerdmound. Hien huet en héije Rand an e relativ flaachen Zentrum.

Am Nordoste läit de Krater Arago a südlech kann een d'Kratere Ritter a Sabine erkennen.

De Krater gouf 1935 nom Russell Henry Manners (31. Januar 18009. Mee 1870) genannt. Hie war Admirol an der British Royal Navy a spéider President vun der Royal Astronomical Society.

Niewekrater[änneren | Quelltext änneren]

Manners Breedegrad Längtegrad Duerchmiesser
A 4,64° N 19,1° O 3,44 km

Kuckt och[Quelltext änneren]

Saturn 01.svg Portal Astronomie

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. John Edward Westfall: Atlas of the Lunar Terminator. Cambridge University Press, Cambridge 2000, ISBN 0-521-59002-7, S. 279